
De Lëtzebuerger war en Donneschdeg den 8. an der Halleffinall ginn, dat mat enger perséinlecher Beschtzäit vun 2min17.87.
An der Finall um Freideg ass en un déi Leeschtung awer net méi erukomm.
Gewonne gouf d’Course vum Steijn Louter aus Holland an enger Zäit vun 2min14,11, virum Collin Van der Hoff (Holland) an 2min15,39 an dem Emilian Hollank (Däitschland) an 2min15,98.
De Finn Kemp ass de 7ten ginn an 2min20,93. Dat ass iwwer 3 Sekonne méi lues wéi nach an der Halleffinall.
