SchwammenFinn Kemp fir Halleffinall op Junior-WM qualifizéiert

RTL Lëtzebuerg
Op der Schwamm-Weltmeeschterschaft vun de Junioren zu Netanya an Israel huet sech de Finn Kemp iwwer 100 Meter Brasse fir d'Halleffinallen qualifizéiert.
Archivbild
Archivbild
© RTL Archiv

Dat 18 Joer jonkt Talent schléit no enger Minutt 3 Sekonnen an 48 Honnertstel un. De Kemp gouf mat deem Chrono de 16. 16 Schwëmmer sinn an d’Halleffinalle komm. Am ganze ware 57 Athlete bei dëser Disziplin um Depart.

D’Halleffinallen am Schwamme sinn e Méindeg den Owend.

Back to Top
CIM LOGO