Schwamm-Weltmeeschterschaft fir JuniorenFinn Kemp gëtt Aachten iwwer 200 Meter Brasse

RTL Lëtzebuerg
An der Halleffinall vun der Kompetitioun konnt sech de jonke Schwëmmer mat enger neier Lëtzebuerger Beschtzäit uschloen.
© Christophe Audot

Op der Juniore-Schwamm-Weltmeeschterschaft zu Netanya an Israel koum de Finn Kemp iwwer 200 Meter Brasse an der Finall op déi 8. Plaz. Dat 18 Joer jonkt Talent ass mat enger Zäit vun zwou Minutten, 17 Sekonnen a 16 Honnertstel ugeschloen.

Domadder ass hien 25 Honnertstel hannert senger Lëtzebuerger Beschtzäit am Alter vun 18 Joer bei de Junioren aus der Halleffinall bliwwen.

Am Ganze waren 40 Schwëmmer iwwer 200 Meter Brasse mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO