Ligue 1Fir de Gérard Lopez ginn et am Moment méi wichteg Saache wéi Futtball

RTL Lëtzebuerg
Sport ass déi schéinste Niewesaach op der Welt, heescht et ëmmer an normalen Zäiten. Dat confirméiert sech och grad elo an der Corona-Kris.

Lues a lues stelle sech vill Sportler awer d’Fro, wéini een zu der Normalitéit wäert iwwergoe kënnen. Fir de President vum OSC Lille, sinn am Moment awer aner Saachen méi wichteg wéi de Futtball.

Gérard Lopez iwwer Reprise a Ligue 1 / Rep. F. Hippert

Zanter dem Weekend ass de Gérard Lopez an engem Krise-Cabinet mat 7 weidere Presidenten aus der Ligue 1. Si solle kucken, wéi de franséische Futtball am beschten aus dëser Kris erauskënnt. Fir de President vum LOSC ass op jiddwerfalls eppes kloer:

“Éier ech schwätzen iwwert eng eventuell Reprise, do geet et eng aner Saach. Am Moment stierwe vill Leit um Coronavirus an ech weess, datt vill Leit denken iwwert Futtball elo ze schwätzen ass net normal asw., dat stemmt och, dat ass och net dat wat mir als Persoun als Mënsch elo am Wichtegste schéngt. Esou geet et och villen aneren Leit. Dat eenzegt wat mir hunn, mir hunn och Responsabilitéit fir vill Leit, bei mir sinn dat elo 240 Employéen, 240 Famillen, dat sinn iwwer 1000. Jobben. D’Leit schwätzen elo vu Futtballspiller, do sinn awer och nach vill Anerer wéi op administrativem Plang, Gäertner asw.. Ech kann, an och aner Presidente kënnen lo net einfach do stoen an näischt maachen, fir déi Jobben ze retten.”

Wéi et weider geet, steet wierklech an de Stären, seet de Gérard Lopez, President vum Tabellevéierten aus der Ligue 1:

“Ob d’Saison op en Een geet, d’Fro stellt sech op d’Saison weider gespillt gëtt, dat wësse mer nach net. Déi Saisone an Frankräich déi net fäerdeg gespillt goufen sinn extrem rar, dat war am Krich 1939-40, an am Mee 1968, do sinn d’Saison net fäerdeg gespillt ginn, an och net gewäert ginn. D’UEFA wëll jo datt soll fäerdeg gespillt ginn, soss kéint een sech net fir d’Coupe d’Europen qualifizéieren. Am Moment geet et vill hin an hir Ech denken an ech hoffen, datt mer kënne fäerdeg spillen.”

De Cabinet mam Gérard Lopez ka Léisungen fir déi kuerzfristeg Zukunft ausschaffen. D’Decisioun gëtt awer nach vun der LFP, der Ligue de football professionnel a Frankräich geholl.

RTL-Artikel: Futtball a Frankräich: Gérard Lopez vu Veräiner beoptragt Verhandlunge fir Prêt ze féieren

Back to Top
CIM LOGO