Momentan leeft et ganz gutt fir den däitschen Traditiounsveräin. Nëmmen 3 Punkte Retard hunn d’Waldhöfer op d’Barrageplaz fir den Opstig. Géint Verl stoung de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp déi komplett 90 Minutten um Terrain, eppes wat bei senge leschte Statiounen net méi ëmmer de Fall war. De Sam Rickal war hien nom Match géint Verl a sengem Alldag besichen.
Zanter dëser Saison spillt de Laurent Jans bei Waldhof Mannheim. Bei senge leschte Statioune bei Sparta Rotterdam oder och dem Standard vu Léck huet den 89-fachen Nationalspiller manner gespillt. Bei de Waldhöfer huet hie seng Stammplaz awer séier fonnt. 17 Matcher vu Ufank un an der drëtter Liga, dobäi ee Gol an 3 Virlagen. Datt den 30 Joer alen Defenseur och nieft dem Terrain ee wichtege Rôle kann iwwerhuelen, ass de Responsabele séier opgefall, seet de Christian Neidhart, den Trainer vu Waldhof Mannheim.
De Laurent Jans huet sech no méi wéi 6 Méint gutt agelieft. Zesumme mat senger Frëndin wunnt hien an engem Appartement an engem rouege Véierel zu Mannheim a ka sech do tëschent den Trainingen a Matcher entspanen. No 5 Partien hannereneen ouni Néierlag ass Waldhof nees voll am Coup fir den Opstig. Eppes wat och a senger Zukunftsplanung matspillt.
Ier et fir de Laurent Jans am Mäerz mat der Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun weidergeet, stinn elo emol wichteg Woche mat Waldhof um Programm. An engem Mount krit Mannheim et nämlech mam Tabelleleader Elversberg ze dinn, wou jo mam Raphaël Duarte och e Lëtzebuerger Co-Trainer ass.