Karate, Judo an Taekwondo verloosse FLAMFir de President Serge Schaul gouf déi richteg Decisioun geholl

RTL Lëtzebuerg
Et ass scho laang doriwwer diskutéiert ginn, elo ass dat awer Realitéit.

Domadder verléiert d’Federatioun vun de Kampfsportaarten (FLAM) déi 3 gréisste Sektiounen. Keng Federatioun ass frou, wa se Lizenze verléiert. De Fall bei der FLAM ass awer anescht. Souwuel de Judo, wéi och den Taekwondo hätten nämlech an Zukunft net méi un EM respektiv Weltmeeschterschaften dierften deelhuelen, wa si net eng eegestänneg Federatioun géife ginn. De Wee ass elo op der uerdentlecher Generalversammlung fräi gemaach ginn. An dat ouni vill Diskussiounen. Fir de President vun der FLAM, Serge Schaul, huet een déi richteg Decisioun geholl.

“Mir hunn am Virfeld vill Aarbecht a vill Informatioune gemaach, mir hunn d’Froen all beäntwert. Wéi d’Leit bis hir Froe beäntwert kruten, do hate si déi Angscht net méi. Am Ufank hate se Angscht, well si net woussten, wat, wéi wou. Eigentlech hat ech dermadder gerechent. Ech sinn awer elo erliichtert.”

Wéi Diskussiounen ëm een Austrëtt ugefaangen hunn, war de COSL éischter skeptesch. Dat huet sech awer elo geluecht.

“De COSL huet gefaart, datt wa mir dat elo maachen, datt nach Federatiounen hannendru kommen. Et gi jo nach Multisport-Federatiounen. Dat war e bëssen hire Problem a si hunn eis ëmmer bëssen ewechgedréckt. De COSL ass awer elo op de Wee gaangen an huet dat verstanen an, datt et muss sinn.”

De Serge Schaul ass net nëmme President vun der FLAM, mee och nach vum Judo. Hien ass frou, datt d’Decisioun fir den Austrëtt vun den 3 Sektioune Karate, Taekwondo a Judo an engem fairen Dialog geholl gouf.

“Et huet näischt domadder ze dinn, datt mir Sträit mateneen hunn. Mir ginn eens mateneen a mir mussen och an Zukunft eens ginn. Ech sinn optimistesch, datt dat gutt funktionéiere wäert.”

De Sportminister Georges Engel muss elo déi definitiv Decisioun huelen, datt de Karate, de Judo an den Taekwondo dierfen aus der FLAM austrieden. Dat dierft awer just eng Proform Decisioun sinn.

RTL-Artikel: Am Kampfsport: Dräi Sportaarte wëllen aus der FLAM austrieden

Back to Top
CIM LOGO