Dat hat den Nationaltrainer Luc Holtz op senger Kader-Presentatioun fir déi béid Lännermatch géint Island an d’Slowakei d’lescht Woch bekannt ginn. No der 0:9-Defaite géint Portugal gëllt et lo nees, wichteg Punkten am Kampf ëm d’Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2024 an Däitschland ze sammelen.
Am Reportage vum Sam Rickal gesitt Dir, wéi d’Decisioun, déi zwee Spiller nees fir d’Nationalekipp ze nominéieren, getraff gouf.