BGL LigueFLF annoncéiert Spillplang fir d'Saison 2023/2024

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg huet d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun de komplette Spillplang fir d'BGL Ligue an d'Éierepromotioun publizéiert.

Den amtéierende Champion Hesper muss um 1. Spilldag de 6. August 2023 zu Stroossen untrieden, d’Escher Jeunesse kritt et mam Progrès Nidderkuer ze dinn an de Coupe-Gewënner Déifferdeng kritt Besuch vun der Escher Fola. Déi zwee Opsteiger Schëffleng a Miersch spille géint Titus Péiteng a Rouspert. De leschte Spilldag ass fir 26. Mee 2024 geplangt.

De komplette Spillplang vun der BGL Ligue am Iwwerbléck.

De komplette Spillplang vun der Éierepromotioun am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO