
Am Virfeld vun dësem Match gouf annoncéiert, datt den Nationaltrainer Dan Santos säi Kontrakt ëm zwee weider Joer verlängert huet. Hie selwer schätzt Lettland méi staark a wéi de leschte Lëtzebuerger Géigner vun Tahiti.
No deenen zwou héije Victoiren an de béide Frëndschaftsmatcher géint Tahiti geet et fir d’FLF-Selektioun fir d’éischt e Freideg géint Lettland an dann en Dënschdeg géint Nordmazedonien. D’Ekipp vum Dan Santos läit momentan op der 4. Plaz an der Tabell, dat virun de béide Géigner. Dem Nationaltrainer no gëllt et, déi béid Ekippen awer net ze ënnerschätzen.
“Lettland ass méi staark wéi Nordmazedonien, och wa si 4:1 verluer hunn deen éischte Match. Si kréien 3 Goler op Standardsituatioune geschoss, mee si hunn awer 80% vum Match dominéiert. Lettland ass vill méi robust, vill méi athletesch, dofir gëtt Lettland ganz komplizéiert. Méi komplizéiert wéi mir alleguer mengen, well jidderee mengt, mir missen do Punkten huelen. Mee mir si wierklech nach net sou wäit, datt mir kënne soen, dat si Géigner, do musse mir punkten. Mir musse kucken, datt mir eng gutt Leeschtung bréngen a wa mer deen een oder anere Punkt kënnen heiheem halen, da wäerte mir dat natierlech wëllen.”
Niewent dem Emma Kremer, déi am éischte Match géint Lettland gespaart ass, muss den Dan Santos och op d’Noemie Raths an d’Martine Schon verzichten. Déi zwee hate sech mam Covid infizéiert an hunn zanterdeem Nowierkungen. Dozou gehéiert nach eng weider Spillerin, déi den Dan Santos net nominéiere konnt.
“Ech hunn och d’Beispill Leticia Matheus vu Jonglënster, wat ech hätt kéinte ruffen. Leider sinn d’Pabeieren nach net fäerdeg, fir Lëtzebuerger ze sinn. Hatt ass hei zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. Wann d’Pabeiere fäerdeg gewiescht wieren, da wier hatt dobäi.”
Am Virfeld vun de béide Qualifikatiounsmatcher huet d’FLF annoncéiert, datt si de Kontrakt mam Dan Santos verlängert. Den Nationaltrainer wëll d’Aarbecht aus deene leschten zwee Joer weiderféieren an huet och konkret Ziler.
“Mir ginn ëmmer op den Terrain, fir ze gewannen. Dat ass ganz kloer. En plus spille mir och doheem. Mir hoffen och, datt mir an engem vun deene Matcher déi éischt Victoire am Land kënne feieren. Oder op d’Mannst ee Punkt. Mäin Zil ass ganz kloer, 4. ze bleiwen. Mir wëlle Lettland an Nordmazedonien hannert eis loossen.”
Lass geet et also e Freideg ëm 18 Auer am Stade Jos Haupert zu Nidderkuer mat der Partie géint Lettland. En Dënschdeg gëtt dann den zweete Match géint Nordmazedonien ëm 18 Auer am Stade Emile Mayrisch zu Esch gespillt.