Lëtzebuerg géint DäitschlandFLF huet all hir Tickete verkaaft

RTL Lëtzebuerg
Wann e Freideg d'Futtballnationalekipp géint d'"Mannschaft" spillt, sinn op d'mannst 2.381 Lëtzebuerger Supporter zu Sinsheim am Stadion.
© René Pfeiffer - rtl.lu

D’FLF huet matgedeelt, dass si all d’Tickete verkaaft huet, déi hinnen zougestane goufen. Domat dierften op d’mannst 2.381 Fans vun de Roude Léiwen an der PreZero Arena zu Hoffenheim dobäi sinn.

D’Partie an der WM-Qualifikatioun ass, bis op wéineg Sëtzer, ausverkaaft. De Stadion vun der TSG 1899 Hoffenheim huet normalerweis eng Capacitéit vun 30.150 Plazen. Bei internationale Matcher gi 25.641 Spectateuren eragelooss.

Op RTL 2 an op RTL Play, grad ewéi um Radio, wäert Dir e Freideg Owend d’Partie live suivéiere kënnen.

Back to Top
CIM LOGO