FuttballFLF mat Resumé vun der aktueller Situatioun

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch hat d'UEFA, déi europäesch Futtball-Union, jo matgedeelt, wéi de Kalenner fir déi nächst Méint soll ausgesinn.

Um Freideg huet d’FLF hire Clibb e Resumé vun der aktueller Situatioun, wat den nationalen an den internationale Futtball uginn, geschéckt.

Dobäi sinn och d’Recommandatioun vun der Regierung a vun der Santé, wat d’sportlech Aktivitéiten hei am Land uginn.

D’Saison hei zu Lëtzebuerg soll an der ieweschter Divisioun den 23. August ufänken. Déi aner Divisioune sinn dann eng Woch méi spéit programméiert. D’Fola spillt den 18. oder 19. August Champions League-Qualifikatioun.

Nidderkuer, Déifferdeng an Titus Péiteng sinn den 27. August an der Europa League-Qualifikatioun engagéiert. D’Datumer vun der Nationalequipe an der Nations League am September, Oktober, November si jo onverännert bliwwen.

PDF FLF Resumé Corona-Konsequenzen

Back to Top
CIM LOGO