
De Paul Philipp geet dovunner aus, datt Hesper nees Champion gëtt. Eng interessant Roll kéinten Déifferdeng, Nidderkuer a Péiteng spillen. Den FLF-President hofft och, datt déi zwee Opsteiger Miersch a Schëffleng kéinte fir Iwwerraschunge suergen.
Och dës Saison kënnt Dir d’Matcher nees an der Live Arena am Stream an am Liveticker suivéieren.
Déi Käerjenger hunn déi leschte Saison bis zum Schluss mussen ziddere fir an der BGL Ligue ze bleiwen. Dat wëlle se dëst Joer vermeiden. Virun allem sollen déi Jonk fir vill Schwong am Käerjenger Spill suergen. Och an der Coupe, hofft een zu Käerjeng, fir wäit ze kommen.
Kuckt hei de ganze Kader vu Käerjeng - mat Fotoen
Zu Monnerech hunn an der Summerpaus net manner wéi 15 Spiller de Veräin verlooss. 11 Neier si bäikomm. A mam Samy Smaili sëtzt och een neie Mann op der Trainerbänk. Dat Haaptzil ass et, fir an der ieweschter Divisioun ze bleiwen.Kuckt hei de ganze Kader vu Monnerech - mat Fotoen
Munneref geet optimistesch an d’Saison eran. Praktesch de ganze Kader vum leschte Joer konnt een halen. Do dernieft huet ee sech awer nach geziilt verstäerkt. Mat engem gudde Kader hofft een, ënnert déi 8 éischt vum Championnat ze kommen.
Kuckt hei de ganze Kader vun der US Munneref - mat Fotoen
Fir de Racing ass déi nei Saison eng grouss Inconnue. De Budget gouf ëm d‘Hallschent gekierzt, esou datt vill Spiller sech een anere Veräi gesicht hunn. Mam 29 Joer ale Marco Martino, sëtzt dee jéngste Mann an der BGL Ligue beim Stater Veräin op der Trainerbänk.Kuckt hei de ganze Kader vum Stater Racing - mat Fotoen
Den FC Déifferdeng hat déi lescht Saison am Championnat phaseweis richteg enttäuscht an d’Coupe konnt definitiv d’Saison vum Fusiounsveräin retten. Op der Bänk sëtzt nees de Pedro Resende beim Coupegewënner nodeem sech béid Säite virun e puer Méint getrennt haten. Elo soll et besser lafen. Och beim FCD03 gouf et e gewëssenen Va et Vien. Ervirzehiewen ass datt den Romain Ruffier, ex Racing, am Gol wäert stoen.
Kuckt hei de ganze Kader vum FC Déifferdeng - mat Fotoen
Bei der Fola gi méi kleng Bréidercher gebak. Déi lescht Saison ware ganz ganz vill Spiller fortgaangen. D’Situatioun schéngt sech stabiliséiert ze hunn an d’Doyenne vum Lëtzebuerger Fussball geet relativ berouegt an déi nei Saison eran.
Kuckt hei de ganze Kader vun der Escher Fola - mat Fotoen
Eng Partie Pilieren hunn den F91 an der Summerpaus verlooss. De Veräin aus der Forge du Sud wëll dofir Spiller aus sengem Centre de Formation lues awer sécher an déi éischt Ekipp mat abezéien. Mam Jay Shoffner sëtzt och een neie Mann op der Trainerbänk.
Kuckt hei de ganze Kader vum F91 Diddeleng
Zu Wolz wëll ee genee wéi déi leschte Saison esou frei wéi méiglech näischt méi mam Ofstig ze dinn hunn. Et huet ee sech geziilt verstäerkt. Ënnert anerem mam 36-fachen Nationalspiller Kevin Malget.
Kuckt hei de ganze Kader vum FC Wolz 71 - mat Fotoen
Mam Marc Thomé ass een ale Bekannten zeréck op der Trainerbänk op der Grenz. D’Zil ass et fir d’Escher Jeunesse, fir op d’mannst 50 Punkten ze kréien an domadder eng besser Plaz an der Tabell ze maachen, wéi déi Siwent vun der leschter Saison.
Kuckt hei de ganze Kader vum FC Wolz 71 - mat Fotoen
Beim Progrès Nidderkuer wëll ee ganz uewe matspillen. Nom Vice-Championstitel an déi domadder verbonnen europäesch Plaz, wëll een an dëser Saison d’Coupe gewannen oder Champion ginn.
Kuckt hei de ganze Kader vum FC Wolz 71 - mat Fotoen
Bei der Ekippevirstellung fir déi nei Saison presentéiere mir iech den Opsteiger Miersch an de klenge Veräin vun der Sauer, Rouspert. Déi Mierscher spillen eng éischte Kéier iwwerhaapt an der ieweschter Divisioun. Beim Marisca hofft een duerch d’Goler vum Benny Bresch, och déi nächste Saison nach an der BGL Ligue mat dobäi ze sinn.
Kuckt hei de ganze Kader vu Marisca Miersch - mat Fotoen
Bei der Victoria vu Rouspert weess een, datt dat primäert Zil ass, fir esou séier wéi méiglech näischt méi mam Ofstig ze dinn ze kréien. De Ben Vogel huet déi leschte Joren zu Nidderkuer gespillt, elo ass hien nees bei säi Stammveräin zeréckgewiesselt. Dat ass eng wichteg Verstäerkung un der Sauer.
Kuckt hei de ganze Kader vu Victoria Rouspert - mat Fotoen
Fir den Opsteiger ass d’Zil kloer: Schëffleng wëll an der BGL Ligue bleiwen. Fir dëst Zil z’erreechen, gouf de Kader mat enger Dose Spiller verstäerkt, dorënner véier Stéck, déi d’BGL Ligue kennen.
Kuckt hei de ganze Kader vum FC Schëffleng - mat Fotoen
Péiteng dogéint wëll dee Wee weidergoen, deen een déi lescht Saison gaangen ass, also uewe matspillen. Dofir huet ee sech punktuell verstäerkt, awer 80 Prozent vum Kader zesummegehalen.
Kuckt hei de ganze Kader vun der Union Titus Péiteng - mat Fotoen
De Start vun eiser Rei u Virschaue mécht de Champion Hesper, deen op Stroosse wäert reesen. No enger komplizéierter leschter Saison huet d’Heemekipp probéiert, fir an der Summerpaus neie Wand an d’Ekipp ze bréngen, datt esouwuel um Terrain wéi och op der Bänk.
Kuckt hei de ganze Kader vum Swift Hesper - mat Fotoen
Och beim Champion gouf et Changementer um Trainerposte wéi och bei verschiddene Spiller an dat obwuel een déi lescht Saison just mat enger Néierlag ofgeschloss huet.
Kuckt hei de ganze Kader vum FC Una Stroossen - mat Fotoen