No 2. Bundesliga-GolFLF-President houfreg iwwert d'Entwécklung vum Leandro Barreiro

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet de Leandro Barreiro an der Nospillzäit de wichtegen 3:2 fir Mainz géint den 1.FC Köln geschoss.
© AFP (Archiv)

D’Ekipp vum Bo Svensson huet domat ee wichtege Schratt a puncto Maintien an der Bundesliga gemaach.

Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller ass et deen nächste grousse Moment a senger wuel nach jonker Karriär, déi awer extrem villverspriechend ass.

Den FLF-President Paul Philipp ass houfreg iwwert d’Entwécklung vum Spiller aus der Futtballschoul vu Monnerech, deen an Tëschenzäit zu enger fester Gréisst zu Mainz ginn ass.

Entwécklung Leandro Barreiro / Reportage Jeff Kettenmeyer

RTL-Artikel (11.4.21): Internationale Futtball: De Leandro Barreiro avancéiert mat sengem Gol an der Nospillzäit zum Matchwinner

Back to Top
CIM LOGO