
Ëm sou méi bemierkenswäert ass dat Ganzt, wann een d’Nimm vun de Géigner vum FLF-Nationaltrainer Mario Mutsch gesinn huet.
Déi jonk Rout Léiwe waren zesummen mat hiren Alterskolleege vun der Belsch, Norwegen an dem Aserbaidschan. Sensationell war et scho mat der 1-0 Victoire géint eis belsch Nopere lassgaangen, den FLF-U-17 Coach Mario Mutsch:
“Dat war e Match, wou mir woussten, wat op eis duerkéim. Mir hunn de Géigner analyséiert an d’Jongen hunn dat fantastesch ëmgesat. Natierlech gehéiert och e bësse Chance dobäi.”
Dräi Deeg drop huet déi Lëtzebuerger U-17 et dunn och nach fäerdeg bruecht, en 0-2 Réckstand géint Norwegen opzehuelen:
“Déi 2. Hallschent hu mir méi Déift gesicht. Dunn hate mir méi Maîtrise. Fir eis war och wichteg, d’Leeschtung géint d’Belsch ze bestätegen. Wann ech dann déi zwee Matcher kucken, dann ass et kee Gléck, dann ass et scho Kënnen.”
Fir de Mario Mutsch, deen zesumme mam Directeur technique vun der FLF Manuel Cardoni d’Haaptresponsabilitéit an der nationaler Futtballschoul zu Monnerech huet, gouf et dunn och nach eng Forfait-Victoire géint den Aserbaidschan, an domat war déi éischte Plaz an d’Qualifikatioun fir den nächsten Tour vun der U-17 Europameeschterschaftsqualifikatioun geséchert. D’Auslousung fir déi nächst Ronn ass am Dezember. Gespillt gëtt dann am Mäerz.