
E Sonndeg stounge fir de Kont vum 2. Spilldag an der BGL Ligue, dem Lëtzebuerger Futtball-Championnat, nach zwou Partien um Menü. No der Néierlag um éischte Spilldag wollt d’Fola et e Sonndeg géint d’Ettelbrécker Etzella besser maachen an Hesper wollt sech géint Péiteng déi nächst Victoire sécheren.
D’Escher Fola huet um 2. Spilldag mat 2:0 géint déi Ettelbrécker Etzella gewonnen. Vue datt de Champion vun Esch jo e rise Programm wéinst der Conference League huet, huet den Trainer Grandjean nees säi Kader komplett rotéiere gelooss. Kee vun den 11, déi e Sonndeg de Mëtteg beim Upëff um Terrain stoungen, waren en Donneschdeg géint Linfield am Onze de Base. Allerdéngs waren déi zwee Buteure vum leschten Donneschdeg vun Ufank un um Terrain an zwar de Bruno Correia an de Rodrigo Parreira. An der 13. Minutt hat de Bruno Correia Pech. Säi Schoss ass nëmme widder d’Lat gaangen. Kuerz virun der Paus haten déi Escher mam Lucas Correia eng honnert prozenteg Chance a bis d’Paus huet de Champion et nach e puer Mol probéiert. An der Nospillzäit haten déi Ettelbrécker mam Till Hermandung awer bal d’Lokalekipp iwwerrascht. Allgemeng konnten déi Ettelbrécker ganz zefridde sinn, datt et no 45 Minutten nach ëmmer 0:0 stoung virun 225 Spectateuren.
No 56 Minutten huet de Rodrigo Parreira de verdéngten 1:0 fir d’Fola markéiert no engem schéine Pass vum Lucas Correia. D’Decisioun, an zwar den 2:0, ass an der 70. Minutt gefall. Den agewiesselten Idir Boutrif huet de Ball an de Wénkel gekäppt. Obwuel vill Titulairë bei der Fola gefeelt hunn, geet d’Victoire vun den Escher kloer an d’Rei.

D’Union Titus Péiteng ka sech mat 2:0 um Holleschbierg duerchsetzen. Déi éischt Hallschent war relativ equilibréiert. Obwuel de Swift Hesper ëmmer erëm Drock gemaach huet, stoungen d’Gäscht vu Péiteng stabil an haten och hir Chancen. Et ass mat gerechten 0:0 an d’Paus gaangen.
An den zweete 45 Minutte wollt d’Lokalekipp et wëssen an ass d’Gäscht fréi stéiere gaangen. Den éischte Gol fir den Titus ass no engem Feeler op de Rodrigues am Strofraum iwwert Eelefmeter duerch den Arbreu markéiert ginn. D’Lokalekipp huet du méi Risiko geholl a sech an der 88. den zweete Gol iwwert eng Konter vun de Gäscht gefaangen. Dëst sollt och d’Schlussresultat sinn.
E Samschdeg haten ënnert anerem de Progrès an den F91 d’Punkte gedeelt.