Internationale FuttballFrankfurt an Dortmund spillen 3:3, City wënnt de Manchester-Derby

RTL Lëtzebuerg
Donieft setzt Leverkusen sech knapp géint Freiburg duerch, wärend Liverpool souverän géint Nottingham Forest gewënnt.
© AFP

Bundesliga

Eintracht Frankfurt - Borussia Dortmund 3:3
1:0 Marmoush (8', Eelefmeter), 2:0 Marmoush (24'), 2:1 Sabitzer (45+1'), 2:2 Moukoko (54'), 3:2 Chaibi (68'), 3:3 Brandt (82')

An engem verréckte Match konnt Frankfurt fréi duerch de Marmoush mat 2:0 a Féierung goen. Kuerz virun der Halbzeit ass dem Sabitzer awer de wichtegen Uschlossgol gelongen, a knapp 10 Minutten no der Paus konnt de Moukoko op 2:2 setzen. Ma eng Véierelsstonn drop gouf den Chaibi vun der Dortmunder Defense vergiess an d’Frankfurter waren nees vir. Och dës Féierung sollt allerdéngs net halen, well de Brandt no 82 Minutten aus kuerzer Distanz den 3:3 markéiere konnt, woumat d’Partie sollt op en Enn goen.

Bayer Leverkusen - SC Freiburg 2:1
1:0 Wirtz (36'), 2:0 Atubolu (61', Selbstgol), 2:1 Gulde (70')

Och Freiburg konnt Leverkusen net stoppen, déi an enger dominanter éischter Hallschent duerch de Wirtz a Féierung gaange sinn. No der Paus sinn d’Breisgauer besser an d’Partie komm, ma no engem Distanzschoss huet den Atubolu am Freiburger Gol de Ball onglécklech an den eegene Gol gelenkt. Dem Gulde säi Kappball huet et nach eemol spannend gemaach, ma um Enn gewënnt d’"Werkself” verdéngt a steet weiderhin ouni Néierlag un der Tabellespëtzt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Liverpool - Nottingham Forest 3:0
1:0 Jota (31'), 2:0 Nunez (35'), 3:0 Salah (77')

Liverpool huet d’Partie vun Ufank un dominéiert an ass dowéinst verdéngt 2:0 a Féierung gaangen. Och am zweeten Duerchgang ass Nottingham gréisstendeels ongeféierlech bliwwen, soudass de Salah eng Véierelsstonn viru Schluss den Deckel dropmaache konnt. D’"Reds” behalen domat den Uschloss un d’Spëtzegrupp, wärend Nottingham op Plaz 16 fält.

Brighton & Hove Albion - FC Fulham 1:1
1:0 Ferguson (26'), 1:1 Palhinha (65')

Manchester United - Manchester City 0:3
0:1 Haaland (26', Eelefmeter), 0:2 Haaland (49'), 0:3 Foden (80')

D’"Citizens” hu vun Ufank u keng Zweiwel opkomme gelooss, wien um Sonndeg sollt als Gewënner vum Terrain goen. No engem Foul un de Rodri konnt den Haaland no enger knapper hallwer Stonn den Eelefmeter verwandelen an direkt no der Paus per Kappball op 0:2 erhéijen. D’"Red Devils” hate virun allem an der Defense Problemer a krute sou vum Foden och nach den 0:3 geschoss, woumat ManCity den Derby héichverdéngt gewënnt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

AC Monza - Udinese Calcio 1:1
1:0 Colpani (27'), 1:1 Lucca (66')

Inter Mailand - AS Roum 1:0
1:0 Thuram (81')

Inter huet géint eng kompakt Defense vu Roum ëmmer nees no Weeër gesicht, fir geféierlech ze ginn, ma laang sollt d’Ekipp vum Jose Mourinho awer d’Null hale kënnen. Mat zouhuelender Dauer ass den Drock vun den “Nerazzurri” allerdéngs ëmmer méi grouss ginn, bis den Thuram seng Ekipp schliisslech erléise konnt. Inter verdeedegt domat d’Tabelleféierung, wärend Roum no engem schwaache Start just op Plaz 8 steet.

Neapel - AC Mailand 2:2
0:1 Giroud (23'), 0:2 Giroud (31'), 1:2 Politano (50'), 2:2 Raspadori (63')

Den AC Mailand huet beim aktuelle Meeschter vun Ufank un eng staark Leeschtung gewisen an an der 1. Hallschent d’Golchance konsequent genotzt. De Giroud hat déi 2 Goler fir d’Gäscht markéiert. Nom Säitewiessel huet d’Heemekipp en anert Gesiicht gewisen. Fir d’éischt konnt de Politano fir Neapel verkierzen, éier de Raspadori op 2:2 gestallt huet. An der Suite gouf et op béide Säiten nach Méiglechkeeten, e weidere Gol sollt net méi falen. An der Tabell huet den AC Mailand elo 3 Punkte Retard op Inter a läit op der 3. Plaz. Neapel läit eng Plaz hannendrun, huet awer 7 Punkte Réckstand op Inter.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Stade Brest - Paris Saint-Germain 2:3
0:1 Zaire-Emery (16'), 0:2 Mbappé (28'), 1:2 Mounie (43'), 2:2 Le Douaron (52'), 2:3 Mbappé (89')

De PSG louch zu Brest séier mat 2 Goler am Avantage, soudass et no engem rouege Nomëtteg fir d’Paräisser ausgesinn huet. Ma d’Haushären, déi staark an d’Saison gestart sinn, hu sech net opginn an hate bis kuerz no der Paus op 2:2 gestallt. D’Spiller vum Luis Enrique hu sech schwéier gedoen, fir offensiv Aktiounen ze kreéieren, bis si kuerz viru Schluss en Eelefmeter zougesprach kruten. Den Mbappé ass zwar beim éischte Versuch um Golkipp hänke bliwwen, konnt awer du mam Noschoss fir d’Decisioun suergen, woumat de PSG op Plaz 2 spréngt.

OSC Lille - AS Monaco 2:0
1:0 Cavaleiro (32'), 2:0 Diakité (42')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Rayo Vallecano - Real Sociedad 2:2
1:0 Mumin (31'), 1:1 Oyarzabal (41'), 1:2 Oyarzabal (66', Eelefmeter), 2:2 Bebe (90+1')

Atlético Madrid - Alaves 2:1
1:0 Riquelme (26'), 2:0 Morata (45+1'), 2:1 Guevara (90+6')

D’Heemekipp huet sech souverän géint Alaves behaapt an huet an der Tabell just 3 Punkte Retard op de Leader Real Madrid. Atlético louch no der 1. dominanter Hallschent duerch Goler vu Riquelme a Morata 2:0 vir. An den zweete 45 Minutten huet Atlético de Match geréiert an Alaves konnt an der leschter Minutt just nach op 1:2 verkierzen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO