Europa LeagueFrankfurt an d'Rangers treffen an der Finall openeen

RTL Lëtzebuerg
D'Eintracht konnt sech och am Retourmatch géint West Ham behaapten an d'Rangers vu Glasgow hu Leipzig no der Defaite aus dem Allersmatch nach eliminéiert.
© AFP

E Mëttwoch den Owend waren an der Europa League béid Retourmatcher vun den Halleffinallen. Eintracht Frankfurt huet sech virun den eegene Spectateure mat 1:0 géint West Ham duerchgesat a sech den Ticket fir d’Finall geséchert. Do geet et den 18. Mee zu Sevilla géint d’Glasgow Rangers, déi mat 3:1 géint RB Leipzig wanne konnten.

Eintracht Frankfurt - West Ham United 1:0
1:0 Borré (26')

Nom 2:1 aus dem Allersmatch zu London ass et fir d’Eintracht och zu Frankfurt eng Victoire ginn. Fir West Ham, déi scho mat engem Réckstand an de Match starte missten, gouf et no ronn 20 Minutten e weidere Réckschlag a Form vun enger Rouder Kaart. De Cresswell hat den Hauge als leschte Mann virum Gol zum Fale bruecht a sou hat den 32 Joer alen Englänner éischter Feierowend wéi erhofft. D’Frankfurter konnte vun dëser Iwwerzuel dann och direkt profitéieren an an der 26. Minutt op 1:0 stellen. Mat dësem Spillstand war et dann no 45 Minutten an d’Vestiairë gaangen.

Nom Säitewiessel hat Frankfurt ufanks weider d’Kontroll iwwert de Match, huet sech mat der Zäit awer ëmmer méi zréckgezunn. Och mat engem Spiller manner um Terrain ass et West Ham gelongen de Wee no vir ze sichen, ouni allerdéngs eng richteg gutt Chance konsequent op en Enn ze bréngen. Um Enn ass et domat beim 1:0 fir d’Eintracht bliwwen.

Glasgow Rangers - RB Leipzig 3:1
1:0 Tavernier (19'), 2:0 Kamara (24'), 2:1 Nkunku (71'), 3:1 Lundstram (81')

D’Rangers hu mat enger 3:1-Victoire am Retourmatch géint Leipzig dofir gesuergt, datt et an der Europa League dëst Joer net zu enger däitscher Finall kënnt. Mat engem Virsprong vun engem Gol am Réck waren d’Leipziger an de legendären Ibrox Stadium zu Glasgow gereest, vun enger gewësser Confiance war allerdéngs net vill ze gesinn. D’Schotten hu mat enger couragéierter Leeschtung bannent der éischter Hallschent zwee Mol de Wee an de Gol fonnt a sinn sou mat enger verdéngter Féierung an d’Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent huet de Gaascht vu Leipzig dann nees méi Drock opgebaut a sou ass et ronn 20 Minutte viru Schluss gelongen op 1:2 ze verkierzen. Duerch de Gol vum Nkunku war de Wee an d’Verlängerung also net méi wäit fort, dozou sollt et op dësem Owend allerdéngs net méi kommen. E bësse wéi aus dem Näischt huet de Lundstram an der 81. Minutt den 3:1 geschoss, wat um Enn fir d’Decisioun zu Glasgow gesuergt huet.

Déi komplett Resultater

Back to Top
CIM LOGO