
An der ieweschter däitscher Futtballdivisioun stounge fir den 1. Spilldag nach zwou Partien um Programm. An där éischter war Frankfurt ze staark fir Hoffenheim, déi 2. gouf vu Leipzig dominéiert. Och an England, Frankräich a Spuenien gëtt e Sonndeg op héchstem Niveau Futtball gespillt.
Eintracht Frankfurt - TSG Hoffenheim 1:0
Mat 100 à l’heure huet d’Heemekipp an der Commerz-Arena ugefaangen an ass well no 30 Sekonnen duerch den Hinteregger mat 1:0 a Féierung gaangen. Och duerno war et virun allem d’SGE, déi weider op den Tempo gedréckt a sech sou Golchancen erausgespillt huet. Et goung awer mat dem 1:0 fir d’Eintracht an d’Paus.
An den zweete 45 Minutte war en een Op an Of, ouni datt eng Ekipp awer entscheedend virum Gol optriede géif. Esou ass de Match an de leschte Spillminutten e bësse geschleeft: Eintracht wollt net méi, Hoffenheim konnt net.
1. FC Union Berlin - RB Leipzig 0:4
Den 1. Spilldag ofgeronnt huet d’Affiche tëscht dem Opsteiger Union Berlin an RB Leipzig. “Die Eisernen” hunn an der Ufanksphas missen an de saueren Apel bäissen, well d’Gäscht mat vill Drock ugefaangen hunn: Halstenberg, Sabitzer a Werner - sou housch d’Golfolleg, déi bannent den éischte 45 Minutten zum 0:3-Pausestand aus der Siicht vun Union gefouert huet.
An och no der Paus war Leipzig Här a Meeschter iwwer Union a wosst deels mat flotte Ballzirkulatiounen ze iwwerzeegen. Gekréint gouf d’Leeschtung vum RB duerch déi nei Recrue vum PSG, dem Nkunku. Gouf de jonke Fransous an der 65. Minutt agewiesselt, konnt hien direkt drop de 4:0 markéieren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Chelsea - Leicester City 1:1
D’Blues sinn um 2. Spilldag vun der Premier League doheem fréi géint d’Foxes aus Leicester a Féierung gaangen. An der 7. Minutt huet de Mount, ee jonkt Nowuesstalent, de Score opgemaach. An der 2. Hallschecht koum awer d’Äntwert vun der Gäscht a sou stoung et no engem Gol vum Ndidi ronn 20 Minutte virum Enn 1:1 gläich - dëst war gläichzäiteg d’Schlussresultat.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Bundesliga: Dortmund klappt Augsburg däitlech a setzt sech un d’Spëtzt
Internationale Futtball: Manchester City an Tottenham spillen 2:2 gläich