WM-Qualifikatiounen: Weider PartienFrankräich an d'Ukrain trenne sech mat engem 1:1 Remis

RTL Lëtzebuerg
Israel klappt Éisträich mat 5:2 an Holland léisst Montenegro bei der 4:0-Victoire keng Chance.
© AFP

E Samschdeg stoungen an de Gruppen D, F, G an H wichteg Matcher am Kader vun der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft um Programm. Donieft gouf et eng batter 1:4-Defaite fir d’FLF-Formatioun géint Serbien am Grupp A.

Grupp D

Ukrain - Frankräich 1:1
1:0 Shaparenko (44'), 1:1 Martial (51')

Nodeems d’Ukrain an den éischte 4 Matcher 4 mol gläich gespillt hat, hu si doheem Frankräich empfaangen. D’Fransousen waren um Mëttwoch net iwwer een 0:0 géint Bosnien an Herzegowina erauskoum waren, wollte si géint d’Ukrain hiren Ofstand un der Spëtzt vum Grupp D ausbauen. Frankräich hat ee klore Plus u Ballbesëtz, ma och d’Ukrain konnt sech geféierlech Aktiounen erausspillen. Kuerz virun der Paus konnt d’Ukrain dann och iwwerraschend a Féierung goen. Duerch een herrleche Schoss konnt de Shaparenko d’Lokalekipp an der 44. Minutt a Féierung bréngen.
Nom Téi konnt Frankräich erëm an de Match kommen an ausgläichen. An der 51. Minutt war et den Anthony Martial, deen d’"Equipe tricolore” feiere gelooss hat. Duerno waren d’Fransouse beméit, fir de Match ze dréinen, ma um Enn sollt et awer beim 1:1 Remis bleiwen.

Finnland - Kasachstan 1:0
1:0 Pohjanpalo (60')

Grupp F

Israel - Éisträich 5:2
1:0 Solomon (5'), 2:0 Dabbur (20'), 3:0 Zahavi (33'), 3:1 Baumgartner (42'), 3:2 Arnautovic (55'), 4:2 Weissman (59'), 5:2 Zahavi (90'+1)

Am Match tëscht Israel an Éisträich goung et am Grupp F haaptsächlech drëm, fir den Uschloss un Dänemark, déi déi éischte 4 Matcher alleguer gewanne konnten, net ze verléieren. D’Lokalekipp war excellent an de Match gestart, a sou konnt de Solomon Israel ewell no 5 Minutten a Féierung bréngen. Éisträich war déi spilleresch dominant Ekipp, ma Israel war ganz effektiv. No 20 Minutte konnt den Dabbur op 2:0 erhéijen, éiert den Zahavi esouguer op 3:0 gestallt hat. Kuerz virum Téi koumen d’Gäscht awer erëm an de Match, dëst duerch den 1:3-Uschloss vum Baumgartner.
Dëse Gol schéngt Éisträich an d’Kaarte gespillt ze hunn, nom Téi ware si beméit, fir de Match nach ze dréinen. An der 55. Minutt konnte si den Uschloss erëm hierstellen, dëst duerch ee prezise Schoss vum Arnautovic. Trotz dem Drock vun Éisträich blouf Israel awer extrem effektiv a sou konnte si mat hirem 4. Schoss de 4. Goler markéieren, dëst duerch den agewiesselte Weissman. Déi endgülteg Entscheedung war dunn an der éischter Minutt vun der Nospillzäit, wou den Zahavi op 5:2 stelle konnt. Um Enn kann Israel also eng wichteg Victoire géint Éisträich afueren.

Schottland - Moldawien 1:0
1:0 Dykes (14')

Färöer Inselen - Dänemark 0:1
0:1 Wind (85')

Grupp G

Holland - Montenegro 4:0
1:0 Depay (38', Eelefmeter), 2:0 Depay (62'), 3:0 Wijnaldum (70'), 4:0 Gakpo (76')

No der Victoire vu Norwegen am Nomëtteg war Holland vun Ufank u gewëllt, fir erëm gläichzezéien. D’"Oranje” war vun Ufank un Här am eegenen Haus a ware beméit, fir fréi a Féierung ze goen. Et hat allerdéngs bis zur 38. Minutt gedauert, éiert Holland no engem Feeler vum Lagator een Eelefmeter zougesprach krut. Dëse konnt de Memphis Depay dann och souverän verwandelen.
No der Paus hat Holland Näischt méi ubrenne gelooss. An der 62. Spillminutt war et op en Neits den Depay, deen duerch ee flotte Gol fir d’Virentscheedung suerge konnt. An der 70. Minutt konnt de Wijnaldum op 3:0 stellen éiert de Gakpo an der 76. Minutt fir de Schlusspunkt suerge konnt.

Lettland - Norwegen 0:2
0:1 Haaland (20', Eelefmeter), 0:2 Elyounoussi (66')

Norwegen klappt Lettland mat 2:0.
Norwegen huet soumat 10 Punkten um Kont a steet mat Holland un der Spëtzt vum Grupp G.

Gibraltar - Tierkei 0:3
0:1 Dervisoglu (54'), 0:2 Calhanoglu (65'), 0:3 Karaman (83')

Grupp H

Slowakei - Kroatien 0:1
0:1 Brozovic (86')

Zypern - Russland 0:2
0:1 Erokhin (6'), 0:2 Zhemaletdinov (55')

Russland wënnt mat 2:0 géint Zypern.
De Favorit konnt sech ouni Problemer géint Zypern behaapten.

Slowenien - Malta 1:0
1:0 Lovric (45')

Slowenien klappt Malta knapp mat 1:0.
Duerch ee Gol vum Lovric konnt Slowenien Malta mat 1:0 klappen.

Back to Top
CIM LOGO