WM-QualifikatiounLëtzebuerg erlieft eng batter 1:4-Defaite géint Serbien

RTL Lëtzebuerg
No enger verhältnesméisseg schwaacher éischter Hallschent gouf et um Enn trotz enger besserer 2. Halbzeit eng 1:4-Defaite fir d'FLF-Formatioun.
© Serge Olmo

No der 2:1-Victoire e Mëttwoch géint den Aserbaidschan am Stade de Luxembourg war d’FLF-Formatioun um Samschdeg zu Belgrad géint Serbien gefuerdert. Virun der Partie stoungen d’Lëtzebuerger mat 2 Victoirë géint Irland an eben den Aserbaidschan mat 6 Punkte no 3 Matcher op der 3. Plaz am Grupp A. Ee Punkt méi hat d’Lokalekipp vu Serbien um Kont a stoung soumat op der 2. Positioun.

De Resumé vum Match vum Gilles Tricca

De Favorit aus Serbien war vun Ufank un den Här am eegenen Haus a sou konnte si och verdéngt no 22 Minutten a Féierung goen. No enger excellenter Pass an de Strofraum stoung de Mitrovic eleng virum Moris an hat dësem um Enn keng Chance gelooss. Och no der Féierung waren d’Serben déi besser Formatioun a sou konnte si hier Féierung och ausbauen. An der 35. Minutt konnt de Mitrovic no enger preziser Flank vum Kostic op 2:0 fir d’Serben erhéijen.
Nom Téi koumen d’Lëtzebuerger no gutt 70 Minutten erëm besser an de Match. An der 77. Minutt konnt den Olivier Thill den Uschloss markéieren, dëst mat engem super Schoss aus ronn 16 Meter an de lénke Wénkel. D’Freed war awer net vu laanger Dauer. An der 81. Minutt konnt de Moris ee Kappball vum Mitrovic paréieren, ma de Ball koum duerno bei de Chanot, deen de Ball onglécklech an den eegene Gol gelenkt hat. An der Nospillzäit konnt de Milenkovic dann den Deckel dropmaachen a sou gouf et um Enn also eng batter 1:4-Néierlag fir d’Rout Léiwen.

Lëtzebuerg erlieft eng batter 1:4-Defaite géint Serbien
No enger verhältnesméisseg schwaacher éischter Hallschent gouf et um Enn trotz enger besserer 2. Halbzeit eng 1:4-Defaite fir d’FLF-Formatioun.

Am zweete Match am Grupp A hat Irland den Aserbaidjan op Besuch. Bei Match tëscht dem Tabelleleschten an dem Zweetleschte wollte béid Formatiounen hir éischt Punkten afueren. An enger ausgeglachener éischter Hallschent war et kuerz virum Téi de Makhmudov, deen den Aserbaidschan bëssen iwwerraschend a Féierung brénge konnt.
No der Paus war Irland dann awer déi dominant Formatioun a sou konnte si an der 87. Minutt och héich verdéngt den Ausgläich duerch den Duffy markéieren a soumat geet d’Partie um Enn 1:1-Remis aus.

Irland kënnt géint den Aserbaidschan net iwwer een 1:1 eraus
Soumat hu béid Formatiounen elo 1 Punkt no 4 Matcher um Kont.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger

Reaktioune vun de Lëtzebuerger
Ënnert anerem stoungen de Nationaltrainer an de Kapitän beim Serge Olmo Ried an Äntwert.

De Resumé vum Match

An den éischte Minutte waren d’Lëtzebuerger virun allem defensiv gefrot, dëst well d’Lokalformatioun aus Serbien mat vill Tempo an héijem Drock op de Gol vum Moris gedréckt hat. Déi éischt geféierlech Aktioun goung dann och op de Kont vun der Lokalekipp. An der 14. Minutt konnt sech de Mitrovic no enger Flank vum Kostic duerchsetzen, ma hie krut awer keen Drock hannert de Ball a sou goung dësen och däitlech laanscht de Gol.

Nëmme 6 Minutte méi spéit huet de Moris in extremis missen agräifen, dëst no engem Schoss vum Tadic aus kuerzer Distanz. De Lëtzebuerger Golkipp konnt de Ball awer ofwieren. An der 22. Minutt konnt de Moris dann awer och näischt méi retten. No enger excellenter Kombinatioun an enger super Pass vum Milinkovic-Savic koum de Mitrovic am Strofraum un de Ball. De Stiermer vu Fulham hat d’Nerve behalen, de Moris war nach um Ball, ma hie konnt dësen awer net entscheedend ofwieren a sou stoung et no gutt 20 Minutten 0:1 aus Lëtzebuerger Sicht.

Déi verdéngte Féierung fir d'Serben an der 22. Minutt
No enger excellenter Pass vum Milinkovic-Savic konnt de Mitrovic d’Nerve behalen a seng Faarwen a Féierung bréngen.

Och nom Réckstand kruten d’Rout Léiwe keen Zougrëff op de Match an et goung weider just an eng Richtung. An der 35. Minutt konnt de Mitrovic säin 2. perséinleche Gol markéieren. Virbereet gouf de Gol duerch eng Flank vun der lénker Säit vum Kostic, déi de serbesche Stiermer verwäerte konnt. De Mitrovic stoung am Zentrum ze fräi an hat keng Méi, fir de Ball an de Filet ze setzen.

De Mitrovic konnt op 2:0 erhéijen.
No enger Flank vum Kostic stoung de serbesche Stiermer an der Mëtt ze fräi an hat keng Problemer fir de Ball an de Filet ze setzen.

Kuerz virum Téi konnt d’FLF-Formatioun da kuerz fir Entlaaschtung suergen. Dem Barreiro säi Schoss um Enn war awer net prezis a sou goung de Versuch och däitlech laanscht de Potto.

Déi beschten Aktiounen aus der éischter Hallschent.
Serbien louch zur Hallschent mat 2:0 géint FLF-Formatioun a Féierung.

Och nom Téi waren et d’Serben, déi besser an de Match koumen. No nëmmen 3 Minutten no der Paus hat de Lazovic de Ball an de Strofraum bruecht, ma den Dirk Carlson konnt de Ball zum Corner deviéieren. Duerno hunn d’Haushäre bëssen Tempo rausgeholl, an d’Lëtzebuerger krute méi Zougrëff op de Match, ouni allerdéngs geféierlech ze ginn.

No gutt 70 Minutte konnten d’Lëtzebuerger de Match dann awer ëmmer méi op hir Säit zéien. An der 74. Minutt hat et den Danel Sinani aus der Distanz probéiert, ma säi Versuch goung awer däitlech iwwer de Gol. Nëmmen 3 Minutte méi spéit hat et den Olivier Thill dann awer besser gemaach. No enger Virlag vum Rodrigues hat sech den Thill ee Häerz geholl an de Ball prezis an de lénke Wénkel geschoss. Soumat sollt et awer nach eng spannend Schlussphas ginn.

Lëtzebuerg konnt den Uschloss an der 77. Minutt markéieren.
Den Olivier Thill hat sech een Häerz geholl a konnt de Ball mat engem stramme Schoss an de Filet setzen.

D’Freed op Säite vun de Roude Léiwe war awer net vu laanger Dauer. No enger Feelpass vum Moris konnten d’Serben séier no vir spillen. Hei war et op en Neits de Mitrovic, deen am Zentrum eng Flank op de Gol brénge konnt. De Moris konnt de Kappball vum Stiermer nach paréieren, ma de Ball ass onglécklech bei de Chanot koum, deen de Ball onglécklech an den eegene Gol gesat hat.

Um Enn koum et dunn nach méi batter fir d’Lëtzebuerger. No senger zweeter perséinlecher gieler Kaart krut de Gerson Rodrigues an der Nospillzäit nach déi giel-rout Kaart. De Schlusspunkt war an der 5. Minutt vun der Nospillzäit fir de Milenkovic, deen op 4:1 stelle konnt.

De Schlusspunkt an der Nospillzäit duerch de Milenkovic.
De 4:1 aus Sicht vu Serbien war och de Schlusspunkt vun der Partie.

Soumat verléiert Lëtzebuerg um Enn mat 1:4 géint Serbien, déi hirersäits duerch dës Victoire weider Drock op Portugal maache kënnen.

Déi bescht Aktiounen aus der 2. Hallschent
Um Enn verléieren d’Lëtzebuerger mat 1:4 géint Serbien.

Back to Top
CIM LOGO