
Am direkten Duell tëscht de zwou stäerksten Ekippen am Grupp G konnt sech Schweden mat 5:0 géint Italien duerchsetzen. Mat sechs Punkten aus zwee Matcher stinn d’Skandinavierinnen elo scho sécher an den Aachtelsfinalle vun der Weltmeeschterschaft. Virun allem bei Standardsituatioune waren d’Schwedinnen den Italienerinnen iwwerleeën, soudatt dës um Enn däitlech ënnert d’Rieder kommen. Italien steet den Ament op der zweeter Plaz an der Tabell. Mat enger Victoire e Mëttwoch géint Südafrika kënnen d’Italienerinnen allerdéngs och den Ticket fir d’KO-Ronnen aléisen.
Am Top-Match tëscht Frankräich a Brasilien huet Brasilien sech schwéier gedoen, fir an de Match ze fannen. Et war eng monter Ufanksphas an där Frankräich lues awer sécher d’Heft an d’Hand geholl huet. D’Brasilianerinnen hunn offensiv guer net an de Match fonnt. Dëst well Frankräich an der Defense stabil stoung an d’Brasilianerinne fréi ënner Drock gesat huet. Um Enn gewënnt Frankräich verdéngt mat 2:1 géint Brasilien a steet elo mat 4 Punkten op der éischter Plaz am Grupp F.
Punktgläich mat Frankräich sinn d’Jamaikanerinnen, déi hire Match mat 1:0 géint Panama gewanne konnten. Nom iwwerraschenden 0:0 géint Frankräich hunn d’Jamaikanerinnen elo alles selwer an der Hand. Sollte si am leschte Match géint Brasilien net verléieren, da stinn d’Dammen aus der Karibik an den Aachtelsfinalle vun der Futtball-Weltmeeschterschaft bei den Dammen.
Schweden - Italien 5:0
1:0 Ilestedt (39'), 2:0 Rolfö (44'), 3:0 Blackstenius (45+1'), 4:0 Ilestedt (50'), 5:0 Blomqvist (90+5')
Frankräich - Brasilien 2:1
1:0 Le Sommer (17'), 1:1 Debinha (58'), 2:1 Renard (83')
Panama - Jamaika 0:1
0:1 Swaby (56')