Futtball-Nations-LeagueFrankräich dréint de Match géint d'Belsch a wënnt mat 3:2

RTL Lëtzebuerg
No engem 0:2-Réckstand dréint Frankräich an der zweeter Hallschent de Match géint d'Belsch an trëfft an der Finall op Spuenien.
© AFP

An engem ganz spannende Match louch d’Belsch an der Paus mat 2:0 a Féierung, mee no der Paus huet sech Frankräich däitlech verbessert gewisen, konnt de Match no enger staarker Leeschtung nach dréinen, wënnt mat 3:2 a steet an der Finall, wou se op Spuenien treffen.

De Match huet mat vill Tempo ugefaangen a schonn an der 4. Minutt gouf et eng ganz grouss Chance fir d’Belsch. Vu riets huet de Lukaku flaach an d’Mëtt geflankt an do war et den De Bruyne, deen aus kuerzer Distanz ofgezunn huet, mee de Lloris huet eng ganz staark Parade gewisen a soumat den 0:1 verhënnert.

Dono war et en animéierte Match, an deem et hin an hier gaangen ass, woubäi d’Belsch awer déi liicht besser Ekipp war. An der 37. Minutt ass der Belsch dann och de verdéngten 1:0 gelongen. Vu lénks ass de Carrasco an d’Mëtt gezunn, huet de Lloris um falsche Fouss erwëscht an de Ball an de kuerzen Eck geschoss.

Den 1:0 duerch de Carrasco
Mat engem Schoss an de kuerzen Eck huet Carrasco de Lloris um falsche Fouss erwëscht.

Nëmme 4 Minutte méi spéit huet de Lukaku seng ganz Klass ënner Beweis gestallt. Aus ganz spatzem Wénkel huet de Stiermer vun Chelsea de Lloris mat engem Schoss an de kuerzen Eck dupéiert. Esou ass et mat engem verdéngten 2:0 an d’Paus gaangen.

Den 2:0 duerch de Lukaku
Mat engem exzellente Schoss an de kuerzen Eck huet de Lukaku op 2:0 gestallt.

No der Paus huet Frankräich sech gesteigert an huet Drock op d’Belsch gemaach. An der 62. Minutt huet sech de Benzema am Strofraum exzellent ëm déi eegen Achse gedréint an de Ball fir den 1:2 am rietsen Eck ënnerbruecht.

Den 1:2 duerch de Benzema
No enger schéiner Dréiung konnt de Benzema de Ball an de laangen Eck schéissen.

Och dono waren d’Diables rouges weiderhi guer net méi am Match an an der 69. Minutt ass de Fransousen de verdéngten Ausgläich gelongen. No engem Foul vum Tielemans um Griezmann huet den däitschen Arbitter op de Punkt gewisen. De fällegen Eelefmeter huet den Mbappé onhaltbar an de rietsen Eck geschoss.

Den 2:2 duerch den Mbappé
No engem Foul um Griezmann huet den Arbitter op Eelefmeter entscheet an dësen huet den Mbappé an de rietsen Eck gesat.

An der 90. Minutt ass et Frankräich tatsächlech nach gelongen, de Match duerch e Gol vum Theo Hernandez, ze dréinen a gewannen duerch eng staark zweet Hallschent schlussendlech verdéngt mat 3:2.

Den 3:2 duerch den Theo Hernandez
Mat engem Schoss aus 18 Meter an de laangen Eck huet den Theo Hernandez Frankräich d’Victoire geséchert.

E Sonndeg den Owend kënnt Dir d’Finall tëscht Spuenien a Frankräich live op RTL ZWEE an op RTL.lu kucken.

Back to Top
CIM LOGO