Futtball-WM vun den DammenFrankräich léisst Punkte géint Jamaika leien

RTL Lëtzebuerg
No 90 Minutte hu sech béid Ekippe mat engem 0:0 d'Punkte gedeelt. Schweden an Holland starten donieft mat enger Victoire an den Turnéier.
© AFP

Um 4. Dag vun der Futtball-WM vun den Dammen an Australien an Neiséiland konnt sech Schweden e Sonndeg de Moie mat 2:1 géint Südafrika duerchsetzen. No enger éischter Hallschent ouni Goler war et kuerz no der Paus d’Hildah Magaia, dat d’Südafrikanerinne a Féierung bruecht huet. D’Schwedinne konnte sech duerno awer nach eemol zréckkämpfen. 25 Minutte viru Schluss hu si op 1:1 ausgeglach an d’Partie da mam decisiven 2:1 an der 90. Minutt fir sech decidéiert.

Eng Victoire gouf et dann och fir d’Hollännerinnen, déi sech mat engem knappen, awer verdéngten, 1:0 géint Portugal behaapt hunn. E fréie Gol vum Stefanie van der Gragt an der 13. Minutt ass duergaangen, fir sech déi dräi Punkten ze sécheren. Vu Portugal war de gréissten Deel vum Match ze wéineg komm. Réischt an der Schlussphas ware si ëmmer méi geféierlech ginn, dat war awer ze spéit fir Holland nach ee Punkt ofzehuelen.

Am drëtten a leschte Match vum Dag huet Frankräich da mat engem 0:0 zwee Punkte géint Jamaika leie gelooss. Zwar hunn d’Les Bleues de gréissten Deel vum Match dominéiert, ma e Wee laanscht eng staark jamaikanesch Defense konnte si net fannen. Fir d’Jamaikanerinne gëtt et trotz dem sensationelle Punkt e klenge Réckschlag, dat well d’Starspillerin Khadija Shaw an der 92. Minutt nach déi Giel-Rout Kaart gewise krut.

D’Resultater am Iwwerbléck

Schweden - Südafrika 2:1
0:1 Magaia (48'), 1:1 Rolfö (65'), 2:1 Ilestedt (90')

Holland - Portugal 1:0
1:0 van der Gragt (13')

Frankräich - Jamaika 0:0

Back to Top
CIM LOGO