Biathlon-Weltcup zu ÖstersundFrankräich mat perfekter Course an der Dammen-Staffel

RTL Lëtzebuerg
Beim Weltcup zu Östersund stoungen nieft Frankräich nach Belarus a Schweden um Podium.
© AFP

Am Biathlon-Weltcup zu Östersund stoung e Sonndeg bei den Dammen eng Staffel um Programm. Frankräich huet sech hei ganz souverän d’Victoire geséchert. Braisaz-Bouchet a Co. hunn der Konkurrenz keng Chance gelooss a mat enger Avance vu knapp enger Minutt viru Belarus gewonnen. Den Duell ëm déi drëtte Plaz huet Schweden am Zilsprint virun Norwegen decidéiert.

Bei den Hären huet sech de Vetle Sjastad Christiansen d’Victoire geséchert, fir hien ass et deen 2. Succès am Weltcup. No 12,5 Kilometer ass de Sebastien Samuelsson trotz véier Strofronnen op déi zweet Plaz gelaf. Hien hat e Réckstand vu knapp 10 Sekonnen. Um Podium stoung nach den Emilien Jacquelin. De Fransous hat e Retard vun 11 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO