FuttballFranséische Rekordnationalspiller Hugo Lloris trëtt aus der Nationalekipp zeréck

RTL Lëtzebuerg
Dat sot de 36 Joer ale Golkipp a Kapitän vun der franséischer Nationalekipp an engem Interview mat der "L'Equipe".
© AFP

De Lloris huet an der WM-Véierelsfinall mat sengem 143. Lännermatch de fréiere Weltmeeschter Lilian Thuram iwwerholl an ass mat elo 145 Matcher de Rekordnationalspiller vu Frankräich. Bei sengem englesche Veräin Tottenham Hotspur huet de franséische Golkipp nach ee Kontrakt bis 2024.

“Et ass net einfach, dat ze annoncéieren. Mee no 14 Joer, an deenen ech dësen Trikot gedroen hunn, mengen ech, datt ech um Enn ukomm sinn”, esou de Lloris.

Hie war 2018 als Kapitän vun der Equipe Tricolore Weltmeeschter ginn.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO