Freiburg - Dortmund 1:1
0:1 Bensebaini (31'), 1:1 Höler (75')
Dortmund verspillt dräi Punkten am Kampf ëm Plaz 2, muss um Enn souguer frou sinn, nach ee Punkt mat heem ze huelen. Déi éischt Hallschent huet de BVB kloer dominéiert a louch verdéngt a Féierung. De Bensebaini hat no engem Fräistouss getraff. Kuerz nom Säitewiessel huet den Jobe Bellingham Rout gesinn, well hien e Freiburger Ugräifer als leschte Mann un enger Golchance gehënnert huet. Duerno war et en anere Match. Freiburg koum zu méi Chancen an huet sech an der 75. Minutt belount. D’Lokalekipp hat de Ball souguer nach eng zweet Kéier am Filet ënnerbruecht, mee dee Gol huet no Agrëff vum VAR net gezielt.
Bayern München - Mainz 2:2
1:0 Karl (29'), 1:1 Potulski (45'+2), 1:2 Lee (67'), 2:2 Kane (87', Eelefmeter)
Mat neiem Trainer schéngt et fir Mainz direkt gutt ze lafen. Den FSV huet sech mam Urs Fischer op der Bänk direkt ee Punkt beim Tabellenéischte Bayern München erkämpft - an dat net onverdéngt. De Lennart Karl huet an dësem Match säin éischte Gol a senger Profikarriär geschoss, mee Mainz konnt nach virun der Paus ausgläichen. Och hei war e jonke Spiller de Buteur. Och wann d’Bayern déi dominant Ekipp waren, konnt Mainz de Match zu senge Gonschten dréien. Kuerz viru Schluss krut de Rekordmeeschter awer nach en Eelefmeter zougesprach, deen den Harry Kane verwandelt huet. München huet weiderhin eng komfortabel Avance op den Zweetplacéierte Leipzig.
Bremen - Stuttgart 0:4
0:1 El Khannous (40'), 0:2 Leweling (44'), 0:3 Undav (79'), 0:4 Führich (90'+7)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Crystal Palace - Manchester City 0:3
0:1 Haaland (41'), 0:2 Foden (69'), 0:3 Haland (88', Eelefmeter)
Manchester City gewënnt säi véierte Match hannertenee an ass nees bis op zwee Punkten um Spëtzereider Arsenal drun. D’Citizens hunn de wichtege Match géint Crystal Palace, déi op der 6. Plaz leien, kloer gewonnen an hunn dobäi vun der staarker Leeschtung vum Erling Haaland profitéiert. Crystal Palace huet sech wuel net verstoppt, mee konnt seng Chancen net notzen.
Nottingham - Tottenham 3:0
1:0 Hudson-Odoi (28'), 2:0 Hudson-Odoi (50'), 3:0 Sangare (79')
No der Victoire lescht Woch huet Tottenham et verpasst, eng nei Serie ze starten a sech an der Tabell weider no uewen ze schaffen. No der Néierlag géint d’Kellerkand Nottingham bleiwen d’Spurs am Tabellemëttelfeld hänken, hunn awer weiderhi just 6 Punkte Réckstand op d’international Plazen.
West Ham - Aston Villa 2:3
1:0 Ferandes (1'), 1:1 Mavropanos (9', Eegegol), 2:1 Bowen (24'), 2:2 Rogers (50'), 2:3 Rogers (79')
Aston Villa huet déi lescht fënnef Matcher gewonnen an huet sech doduerch bis op Plaz 3 no vir geschafft. D’Ekipp vu Birmingham huet just nach 3 Punkte Réckstand op Arsenal. No engem fréie Réckstand konnt Aston Villa de Match géint den Tabellenuechtzéngte West Ham awer nach duerch zwee Goler vum Rogers dréien.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Mailand - Sassuolo 2:2
0:1 Koné (13'), 1:1 Bartesaghi (34'), 2:1 Bartesaghi (47'), 2:2 Laurienté (77')
Den AC Mailand huet am Kampf ëm d’Tabellespëtzt beim Opsteiger Sassuolo Plomme gelooss. Zwee Goler vum Bartesaghi goungen net duer. D’Rossoneri hate wuel méi vum Match, mee Sassuolo huet aus senge wéinege Chancë Kapital geschloen an haten um Enn souguer d’Victoire um Fouss. Den AC huet d’Tabelleféierung un de Lokalrival Inter Mailand verluer.
Udinese - Neapel 1:0
1:0 Ekkelenkamp (73')
Neapel huet et verpasst, aus dem Mailänner Gläichspill Kapital ze schloen an d’Tabelleféierung ze iwwerhuelen. D’Neapolitaner verléieren am Friaul zu Udine.
FC Genua - Inter Mailand 1:2
0:1 Bisseck (6'), 0:2 Martinez (38'), 1:2 Vitinha (68')
Mat der Victoire géint Genua huet Inter d’Tabelleféierung iwwerholl an huet elo 33 Punkten um Kont; ee méi wéi den AC Mailand.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lyon - Le Havre 1:0
1:0 Sulc (52')
Auxerre - Lille 3:4
0:1 Haraldsson (9'), 1:1 Sinayoko (57'), 2:1 Mbemba (66'), 2:2 Bentaleb (77'), 2:3 Diaoune (80'), 3:3 Sinayoko (83', Eelefmeter), 3:4 André (86')
Stroossbuerg - Lorient 0:0
Lens - Nice 2:0
1:0 Edouard (15'), 2:0 Edouard (57')
Lens ass no der Victoire géint Nice neien Tabelleleader an der Ligue 1 an iwwerhëlt de PSG. Nice huet déi lescht fënnef Matcher verluer a fënnt sech elo am Ofstigskampf erëm.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1