DFB-PokalFreiburg eliminéiert iwwerraschend Bayern München

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend goufen ënnert anerem an Däitschland Matcher vun der nationaler Coupe gespillt.
© AFP

Am DFB-Pokal an Däitschland huet sech Eintracht Frankfurt fir d’Halleffinalle qualifizéiert. Den Europa-League-Gewënner aus dem leschte Joer huet sech en Dënschdeg den OWend mat 2:0 géint Union Berlin duerchgesat. De franséischen Nationalspiller Kolo Muani hat béid Goler markéiert.

An der zweeter Partie war et e gutt Stéck méi spannend. Hei stounge sech Bayern München an den SC Freiburg géigeniwwer. Den Upamecano konnt den däitsche Rekordchampion no 19 Minutten a Féierung bréngen, ier den Höfler 8 Minutte méi spéit fir d’Gäscht ausgläiche konnt. Bis an d’Nospillzäit vun der zweeter Hallschent sollt sech um Score och näischt méi änneren, ma deen Ament huet de Musiala e Schoss mam Aarm geblockt an et gouf en Eelefmeter fir den Underdog. An do war et an der 95. Minutt den Höler, dee vum Punkt aus den 2:1 markéiert huet. Domat konnten d’Jonge vum Trainer Christian Streich iwwerraschend Bayern München an der Véierelsfinall eliminéieren.

Back to Top
CIM LOGO