
Am Owesmatch konnt sech Mainz mat 2:1 zu Berlin duerchsetzen, domat huet Berlin d’Chance verpasst virzäiteg de Klassenerhalt ze sécheren. Mainz war a Féierung gaangen, mee de Selke konnt fir Berlin duerch en Eelefmeter an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent ausgläichen. Mainz krut wärend dem gesamte Match zwee Goler duerch de VAR oferkannt, mee an der 81. Minutt konnt de Bell d’Gäscht nees a Féierung käppen. Insgesamt geet d’Victoire fir Mainz an d’Rei a Berlin muss muer op Hëllef vu München hoffen, fir awer de Klassenerhalt sécher ze hunn.
Union Berlin gewënnt iwwerraschend kloer mat 4:1 zu Freiburg, domat huet de Sportclub et verpasst sech fir d’Champions League ze qualifizéieren. Berlin hat déi éischt Hallschent am Europa-Park-Stadion dominéiert a Freiburg keng Chance gelooss an d’Spill ze kommen. No eelef Minutten huet de Prömel schonn den éischte Gol markéiert a Berlin konnt duerch séier Kombinatioune bis zur Paus nach zwee weider Goler markéieren. Freiburg hat an der 24. Minutt den 1:1 geschoss, mee de Gol gouf no VAR wéinst Handspill oferkannt. An der zweeter Hallschent huet Freiburg méi Drock gemaach a konnt den 1:3 schéissen, koum awer net vill méi no. An der 90. Minutt huet de Schäfer fir déi Eisern alles kloer gemaach. Et steet nach net fest, a wat fir enger Kompetitioun béid Ekippen an der nächster Saison spillen.
Leverkusen huet sech dank enger Leeschtungssteigerung an der zweeter Hallschent eng Plaz an der Champions League fir déi nächst Saison geséchert. An enger furiéiser Partie setzt sech d’Werkself mat 4:2 zu Hoffenheim duerch.
Hoffenheim war duerch e Feeler vum Leverkusener Hincapie a Féierung gaangen, duerno huet Leverkusen de Match iwwerholl a konnt an der 34. Minutt duerch de Schick ausgläichen. Quasi am Géigenzuch huet d’Heemekipp duerch de Baumgartner den 2:1 markéiert. Nom Säitewiessel huet Leverkusen d’Kontroll vum Match iwwerholl an de Match zu senge Gonschte gedréint.
Dortmund setzt sech mat 3:1 zu Fürth duerch an ass elo sécher Zweeten. De Match hat schwaach ugefaangen, eréischt no 20 Minutte gouf et déi éischt geféierlech Aktioun. Fürth konnt markéieren, mee den Asta stoung am Abseits. Am Géigenzuch huet Dortmund mat der éischter wierklech geféierlecher Attack duerch de Brandt den 1:0 markéiert. An der zweeter Hallschent hu béid Ekippen no vir gespillt, et war awer Fürth, dat fir d’éischt zum 1:1 ausgläiche konnt, éier Brandt a Passlack fir Dortmund alles kloer gemaach hunn. Dortmund hat souguer d’Chance op de 4:1, krut deen awer nom Videobeweis oferkannt.
Köln huet trotz engagéierter Leeschtung mat 0:1 géint Wolfsburg verluer. Köln huet trotz der Néierlag eng europäesch Plaz sécher. Köln hat gutt an de Match fonnt, konnt seng Chancen awer net notzen. Wolfsburg ass ëmmer besser an de Match komm an de Gerhardt huet an der 43. Minutt no enger flotter Kombinatioun fir seng Faarwe markéiert. An der 55. Minutt krut Wolfsburg de vermeintlechen 2:0 no der Iwwerpréiwung duerch de VAR wéinst Abseits oferkannt. Köln huet zum Schluss alles no vir geheit, mee hat net déi néideg Chance fir nach e Gol ze markéieren.
An der zweeter Bundesliga gouf et eng éischt Decisioun a Saachen Opstig. Schalke 04 ass no just engem Joer an der Zweetklassegkeet nees zeréck an der Bundesliga. Déi Kinneksblo hunn den Opstig mat enger 3:2-Victoire géint St. Pauli kloer gemaach.
Um Freideg hat sech Bochum mat 2:1 géint Bielefeld duerchgesat an der Arminia domat warscheinlech déi lescht Hoffnung op de Klassenerhalt geholl. De Match war laang ausgeglach, eréischt en Eegegol duerch de Bellos an der 89. Minutt huet d’Victoire fir d’Heemekipp kloer gemaach.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.