Nom Succès zejoert ass den Tournoi och dëst Joer nees international top besat an de Lëtzebuerger Public däerf sech op eng fréier Goldmedail-Gewënnerin vun den Olympesche Spiller zu Rio freeën, nämlech op d’Monica Puig.
Nieft der fréierer Finalistin vum Luxembourg Open vun 2017 sinn och 5 fréier Top-10-Spillerinnen aus dem WTA-Ranking mat dobäi. Dorënner ass d’Gewënnerin vum leschte Joer d’Kim Clijsters, d’Anett Kontaveit, d’Lucie Safarova, d’Daniela Hantuchova an d’Andrea Petkovic. Donieft sinn dann awer och nach d’Pauline Parmentier an d’Mandy Minella mat dobäi. Duerch dee grousse Succès vum leschte Joer kruten d’Organisateure vill Ufroen aus dem Ausland.
Gespillt gëtt an engem ganz normale KO-System. Donneschdes a Freides ginn jeeweils zwou Véierelsfinalle gespillt, ier da Samschdes déi zwou Halleffinallen a Sonndes d’Finall um Programm stinn. Wie géint wie spillt, gëtt allerdéngs geloust.
D’Iddi fir dëse Legends-Dammentournoi op Invitatioun fir fréier Weltklassespillerinen, déi net méi an der Weltranglëscht dra sinn, huet och der WTA gutt gefall. Dowéinst kann een dovunner ausgoen, datt dëst Format an deenen nächste Joer nach kéint wuessen.
Am Ganze ginn 110.000 € ausgespillt, dovu gi 50.000 € un d’Gewënnerin.
Bei eis op der Tëlee an op RTL.lu kënnt Dir d’Matcher live suivéieren.