Am Alter vun 58 JoerFréiere Futtballspiller Gianluca Vialli gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De fréieren italienesche Stiermer Gianluca Vialli ass dout. Hien huet ënnert anerem fir Sampdoria Genua, Juventus Turin an den FC Chelsea gespillt.
© AFP

E Freideg war et d’Nouvelle vum Dout vum fréieren italienesche Futtballspiller Gianluca Vialli. De fréiere Stiermer ass am Alter vu grad emol 58 Joer an enger Klinik zu London verscheet. Hien hat Kriibs un der Bauchspeicheldrüs.

De Vialli gouf den 9. Juli 1964 zu Cremona am Norde vun Italie gebuer. Ugefaangen huet seng Karriär bei sengem Heemechtsveräin US Cremonese. 1984 ass hie bei Sampdoria Genua gewiesselt, wou hie mat sengem Frend Roberto Mancini zesummen am Stuerm gespillt huet. Well si sou geféierlech waren a sech sou gutt verstanen hunn, goufe si “gemelli del gol”, Zwillinge vum Goal, genannt. Mat Genua huet hien 1990 d’Coupe vun de Coupegewënner gewonnen. An der Saison 1990/1991 gouf hien italienesche Champion.

1992 ass hie bei Juventus Turin gewiesselt. Nieft nationalen Titelen huet hie mat der Juve 1993 den UEFA-Pokal an 1996 d’Champions League gewonnen. Hien ass domat ee vu wéinege Spiller, déi déi dräi wichtegst Coupen am europäesche Veräinsfuttball gewonnen hunn. Vun 1985 bis 1992 huet de Vialli och fir déi italienesch Nationalekipp gespillt an un zwou Weltmeeschter- an enger Europameeschterschaft deelgeholl.

1996 ass de Vialli dunn op London bei den FC Chelsea gewiesselt. Nodeems de Ruud Gullit 1998 als Trainer entlooss gouf, gouf de Vialli als éischten Italiener an der Geschicht vun der Premier League Spillertrainer. An där Saison huet den FC Chelsea d’Coupe vun de Coupegewënner gewonnen. De Vialli stoung an der Finall um Terrain a gouf mat 33 Joer dee bis dohi jéngsten Trainer, deen eng europäesch Coupe gewonnen huet. 1999 huet hien d’Futtballschong un den Nol gehaangen an als Trainer bei Chelsea bliwwen. A senger éischter Saison huet de Veräin den FA-Cup gewonnen. No schlechte Resultater am Ufank vun der Saison 2000/2001 a Sträit mat verschiddene Spiller gouf hie schonn nom fënnefte Spilldag entlooss. Dono war hien nach vun 2001 bis 2002 Trainer vum FC Watford.

Vun 2019 bis 2022 war de Vialli Delegatiounschef vun der italienescher Nationalekipp. Am November 2018 hat hien annoncéiert, datt en ee jorelaange Kampf géint de Kriibs gewonnen hätt. Ma am Dezember 2022 koum d’Krankheet erëm zeréck. De Vialli hannerléisst eng Fra an zwee Meedercher.

Back to Top
CIM LOGO