
Eng traureg Nouvelle kënnt aus dem Schwammsport. De Gérard Decker ass am Alter vun 79 Joer gestuerwen. De Papp vum fréieren Toppschwëmmer Luc Decker war 10 Joer President vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun.
D‘Ära vum Gérard Decker war och déi vun de Lëtzebuerger Heichleeschtungsschwëmmer Lara Heinz, Alwin de Prins an de jonken Laurent Carnol, Raphael Stacchiotti a Christine Maillet.