Schwéier KierperverletzungFréieren hollänneschen Nationalspiller zu annerhallwem Joer Prisong verurteelt

RTL Lëtzebuerg
Den hollännesche Futtball-Profi Quincy Promes ass wéinst schwéierer Kierperverletzung zu annerhallwem Joer Prisong verurteelt ginn.
© AFP

De fréieren Nationalspiller gouf vum Geriicht zu Amsterdam schëlleg gesprach. Den 31 Joer ale Futtballer hat op enger Familljefeier ee vu senge Cousinë mat engem Messer an d’Been gestach. De Promes spillt zanter Februar 2021 fir Spartak Moskau a war, wéi d’Urteel gesprach gouf, net do. Hie soll zu Moskau sinn. Ob a wéini hien an de Prisong kënnt, ass net kloer. Russesche Medieberichter no soll de Promes schonns probéiert hunn, déi russesch Nationalitéit unzehuelen. Sollt en zeréck a säin Heemechtsland Holland reesen, muss en domat rechnen, datt en direkt festgeholl gëtt.

Beweiser fir d’Schold vum Promes gouf et virun allem duerch ofgelauschtert Telefonsgespréicher. Hie war schonns opgrond vun enger anerer Strofdot an de Fokus vun der Police geroden. De Promes gëtt nämlech verdächtegt, um Schmuggel vun 1.300 Kilogramm Kokain bedeelegt gewiescht ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO