
Wéi d’Okaloosa County Sheriff’s Office matdeelt, wieren en Dënschdeg am Nomëtteg Rettungsekippen un e Strand zu Destin am US-Bundesstaat Florida geruff ginn. Eng Grupp Mënschen hätt do am Waasser gekämpft, fir nees u Land ze kommen. De 35 Joer ale Ryan Mallett wier dobäi ënner Waasser gezu ginn an hätt net méi geotemt, wéi d’Rettungsschwëmmer hien aus dem Waasser gezunn hunn.
De Mallett war um College e Star an huet do fir d’Arkansas Razorbacks gespillt. 2011 gouf hien an der 3. Ronn vum NFL Draft vun den New England Patriots ausgewielt. Hien huet 7 Joer an der NFL gespillt, dat fir d’Patriots, d’Houston Texans an d’Baltimore Ravens. No senger aktiver Karriär war hien als Coach un enger High School engagéiert.
Eng ganz Partie NFL-Spiller drécken op de sozialen Netzwierker hiert Bäileed aus, dorënner och seng fréier Matspiller an NFL-Staren Tom Brady an JJ Watt.