
No enger 1:2-Néierlag doheem géint den SC Paderborn steet Kaiserslautern den Ament op der 16. Tabelleplaz a befënnt sech matzen am Kampf géint den Ofstig. De Grammozis hat den Trainerposten eréischt am Dezember zejoert vum Dirk Schuster iwwerholl. Am DFB-Pokal hat hie seng Ekipp bis an d’Halleffinall gefouert, ma an der Liga war him a 6 Matcher nëmmen eng Victoire gelongen. Um Mëttwoch gouf deemno d’Trennung vum Dimitrios Grammozis offiziell gemaach.
Den Nofollger vum Grammozis steet scho fest. De 70 Joer ale Friedhelm Funkel sëtzt an Zukunft um Trainerstull vum 1. FCK a soll de Veräin virum Ofstig retten. Hien ass zu Kaiserslautern keen Onbekannten. Bei de Rouden Däiwele stoung hien zu senger aktiver Zäit an 89 offizielle Matcher um Terrain.