E Freideg sollt et lassgoenFuttball-Europameeschterschaft 2020 - E Futtballfest op Äis geluecht

Tom Hoffmann
D’Europameeschterschaft am Futtball sollt dëst Joer een extra grousst Fest ginn.
Futtball-Europameeschterschaft 2020
D’Europameeschterschaft am Futtball sollt dëst Joer een extra grousst Fest ginn.

Dat war de Plang vun der Uefa fir hire 60. Anniversaire, bis dunn d’Corona-Pandemie dëser Iddi e Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet. E Freideg hätt sollen den Optakt si mam Match tëschent Italien an der Tierkei.

Am Olympiastadion zu Roum hätt dëse Match virun 68.000 Spectateuren solle gespillt ginn. Op dësem 12. Juni waren awer keng Futtballsupporter an de Stroossen an och keng EM-Logoen an der italienescher Haaptstad ze gesinn. An der Ëmgéigend vum Stadion waren d’Awunner sech net eens, ob et richteg war, d’Matcher ze verleeën.

Ech denken, d’EM ze verleeën, war noutwendeg. Et ass verstänneg an novollzéibar. Ech si mir bewosst, dass et Mënsche ginn, déi de Futtball als noutwendeg ugesinn, déi fir de Futtball schaffen an och Supporter, mä ech denken, dass an dëser Zäit Responsabilitéit dominéiert.

Ech mengen, dass mir op aner Méiglechkeeten hätte kënnen zréckgräifen, fir d’EM ze spillen. De Public ass eng flott Saach a verstäerkt d’Emotiounen, mä et hätt een och Geeschtermatcher kënne spillen. Mir hunn all d’Technologie, fir vun doheem d’Matcher ze kucken, ouni iergendeen a Gefor ze bréngen.”, esou d’Meenungen op der Strooss.

De 17. Juni kënnt den Exekutivcomité vun der Uefa zesummen, net nëmmen, fir iwwert Europameeschterschaft ze diskutéieren, mä och fir ze kucken, wéi et mat der Champions League an Europa League weidergeet.

Back to Top
CIM LOGO