62 Veräiner dogéint, 46 dofirFuttballekippe musse just nach 5 amplaz 7 éischt Lizenzen um Spillbou hunn

Franky Hippert
62 Veräiner waren dogéint a just 46 dofir an dach gëllt vum 1. Juli un dat neit Reglement.

Deemno musse just nach 5 amplaz vu bis ewell 7 éischt Lizenzen um Spillbou am Lëtzebuerger Futtball stoen. De Vott vun 384 Stëmme fir déi nei Reegel an 368 Stëmmen dogéint weist, wéi d’Meenungen an der Lëtzebuerger Futtballwelt auseneen ginn.

Éischt Lizenzen am Futtball/Reportage Franky Hippert

Den op den éischte Bléck Paradox kënnt dohier, datt d’Stëmmen, déi e Veräin zegutt huet, ofhängeg sinn, wéi vill Ekippen e Club am Championnat spillen huet. Et verwonnert bei der neier Reegel dann och net, datt déi 16 vu 16 Veräiner aus der BGL Ligue, vun deenen dës Ännerung ausgaangen ass, dofir waren a mat hiren 213 Stëmmen am Ganzen e groussen Afloss op den Ausgang vum Referendum, dee gemaach gouf, haten. Den Tabelleleader aus der Éierepromotioun, d’UN Käerjeng, war ee vun deenen 62 Veräiner, déi géint déi nei Reegel waren, esou de President Jim Thomes.

Eigentlech war d’Majoritéit vun de Veräiner géint déi Reegel-Ännerung. Mä et ass eben duerch de Modus, wéi bei eis gewielt gëtt mat de Stëmmenzuelen eben, wat elo dobäi erauskomm ass.

An dobäi ass dat, wat elo do erauskomm ass, just e Kompromëss, seet de Jacques Wolter, de President vun der US Hueschtert aus der BGL Ligue.

An deem Sënn, datt Veräiner carrement op 0 wollten erofgoen. Fir elo eng Majoritéit ze fannen, hu mer missen “le plus petit nombre” huelen an dat war ebe 5.

D’Veräiner aus der ieweschter Divisioun hunn hir Grënn, firwat ee vu 7 éischt Lizenzen op 5 wollt erofgoen.

Et hëlt just e bësse méi Drock vun de Veräiner of, fir eben elo op déi 7 Première licencen ze kommen. A mir hoffen, datt elo eng Rei där éischt Lizenzen, déi op der Bänk oder op der Tribün souzen fräiginn.

D’Unzuel vun den éischte Lizenze war elo schonn dacks op e Minimum reduzéiert, seet de Jim Thomes, an dat dierft mat der neier Reegel net besser ginn.

Ech hu mech e bëssen ameséiert, d’BGL Ligue elo vun dësem Weekend ze analyséieren, do fält natierlech op, datt vill Veräiner un der Limitt vun deene 7 éischte Lizenze gespillt hunn, just Rouspert hat der 13, mä dat ass awer d’absolut Ausnam.

Fir de Jim Thomes gëtt et e gesond Rezept, mat deem ee souwuel sportlech Succèse kann hunn, wéi och déi néideg Identifikatioun mam Veräin behält, an zwar wann ee genuch an d’Jugend respektiv an déi eege Jugend investéiert, an där dann och eng Chance gëtt.

Jim Thomes, President vun der UNK

De President vun der UNK an déi aner 63 Veräiner mussen d’Resultat akzeptéieren, wéi et lo ass:

“Dat ännert fir als Veräin net vill. Wéinst der neier Reegel wäerte mir eis Philosophie net änneren. Mir wäerte weider op eng gutt a seriö Jugendaarbecht bauen a probéieren, méiglechst vill einheimisch Spiller oder Spiller vun eis selwer anzebauen. Mir haten elo an dëser Saison an der Moyene 11 éischt Lizenzen um Bou stoen, a sportlech huet et jo awer Erfolleg bruecht, a mir haten an der Moyenne 350 Spectateuren.”

Käerjeng huet en Dënschdeg den Owend um 8 Auer nach e Nodrosmatch géint Schëffleng. Am Fall vun enger Victoire kann d’UNK hir Avance als Tabellenéischten op den drëtte Mamer op 9 Punkten ausbauen. Bei just nach 9 Punkten op de leschten 3 Spilldeeg misst et da scho ganz komesch zougoen, datt Käerjeng den Opstig an d’iewescht Divisioun net géif packen.

Back to Top
CIM LOGO