SchisprangenGeiger beim Weltcup-Optakt ganz uewen um Podium

RTL Lëtzebuerg
Zu Nizhny Tagil a Russland huet sech den Däitsche virum Japaner Kobayashi an dem Norweger Granerud duerchgesat.
© AFP

Beim Optakt am Schisprangen ass den Däitsche Karl Geiger mat 133 an 134,5 Meter op déi éischt Plaz gesprongen. Et war seng 10. Victoire am Weltcup. Um Enn hat hie mat 252,4 Punkten d’Nues vir.

Nom éischten Duerchgang louch de Geiger nach 0,7 Punkten hannert dem Norweger Granerud. De Granerud konnt am 2. Duerchgang seng Leeschtung net bestätegen an ass nach hannert de Japaner Ryoyu Kobayashi op déi drëtt Plaz zréckgefall.

Back to Top
CIM LOGO