
Schonns zanter enger Partie vu Joren ass driwwer diskutéiert ginn, wou deen zukünftege Lëtzebuerger Sportsmusée soll hikommen. Zanter 2 Deeg ass et elo offiziell: Dee kënnt op Esch Lankelz.
Déi Konventioun gouf tëscht dem Escher Buergermeeschter Georges Mischo, dem Finanzminister Pierre Gramegna an dem Sportminister Dan Kersch ënnerschriwwen. Dem Escher Buergermeeschter no soll et mam Bau vum Musée och séier virugoen.
Ab dem 15. Januar geet d’Demolitioun um Site un. Dann ass virgesinn, datt d’Fundament an d’Konstruktioun am Oktober 2022 lass ginn. Den Timing ass esou virgesinn, datt Mëtt 2024 de Musée vu bausse fäerdeg ass. Enn 2024 soll de komplette Musée da fäerdeg sinn.
Esch aus de Bauhär vum Sportsmusée, wann deen awer bis do steet, ass de Sportsministère de Proprietär. D’Personal, wat an Zukunft do wäert schaffen, gëtt aus dem Sportsministère dohinner detachéiert. De Georges Mischo ass frou, datt dee Musée a seng Stad kënnt.
Fir d’Stad Esch ass deen nationale Sportsmusée extrem wichteg. Net nëmme well et een attraktive Punkt méi ass bei eis an der Stad. Dat ass emol dat éischt. Mir hunn hei zu Esch eng ganz villsäiteg Sportgeschicht. Ob dat mat Eenzelsportler ass oder mat Ekippen. Esch ass am Fong geholl d’Sportstad hei zu Lëtzebuerg. An dat si mir elo nach méi, wa mir den nationale Sportsmusée hunn. Fir mech als Buergermeeschter war et een Dram, de Musée op Esch ze kréien. Ech sinn immens houfreg, datt dat konnt zesumme mam Sportminister Dan Kersch a mam Finanzminister Pierre Gramegna realiséiert ginn. Mir sinn 3 Escher.
Den zukünftege Sportsmusée geet iwwer dräi Stäck mat ronn 2.400 Meterkaree. De Käschtepunkt soll bei 19 Milliounen Euro ouni TVA leien.