Ligue 1Gerson Rodrigues endgülteg vun Troyes entlooss ginn

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller war vun Dynamo Kiew un Troyes ausgeléint.
© AFP (Archiv)

De Gerson Rodrigues gouf e Sonndeg vun Troyes endgülteg entlooss. Mëtt Februar war de Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller vum Veräin an der Ligue 1 fräigestallt ginn, well hie sech net un déi disziplinaresch Reegelen intern wéi extern gehalen hat. Och een Entretien tëscht dem Lëtzebuerger an de Responsabele vum Veräin huet deemno näischt bruecht.

De Lëtzebuerger kann theoretesch zeréck bei Dynamo Kiew goen, well e vun do ausgeléint war. Opgrond vun der aktueller Situatioun an der Ukrain kann de Rodrigues awer gebrauch vun enger spezieller Reegel vun der FIFA maachen, fir säi Kontrakt auszesetzen a sech een neie Veräin ze sichen.

Back to Top
CIM LOGO