De Parquet confirméiertGerson Rodrigues krut Besuch vun der Police

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller hat direkt nom Lännermatch géint Liechtenstein e Samschdeg eng Entrevue mat de Beamten.
© RTL/Archiv

En Dënschdeg spillt d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an der EM-Qualifikatioun auswäerts géint Bosnien-Herzegowina. Net derbäi ass nieft dem Vincent Thill och de Gerson Rodrigues, dat well den Nationaltrainer Luc Holtz bewosst op déi 2 verzicht. Déi Nouvelle hat nawell fir Verwonnerung gesuergt, grad mat Bléck op de Gerson Rodrigues. De 27 Joer alen Offensivspiller, deen aktuell beim ukrainesche Veräin Dynamo Kiew ënnert Kontrakt steet, hat e Samschdeg bei der 2:0 Victoire am EM-Quali-Match géint Liechtenstein nämlech nach ee Goal virbereet an ee selwer geschoss.

Offiziell heescht et vum Luc Holtz, datt de Rodrigues aus disziplinaresche Grënn net mat a Bosnien fléien duerft. Hien hätt e Sonndeg beim Iessen a beim Training gefeelt. Den Nationaltrainer huet och dorop verwisen, datt sech de Gerson Rodrigues an der Vergaangenheet méi wéi eng Kéier net ganz disziplinéiert beholl hätt.

Ma den Incident e Samschdeg hat awer nach eng aner Envergure. Wéi de Parquet op Nofro hi confirméiert, krut de Gerson Rodrigues eng geriichtlech Zoustellung. RTL-Informatiounen no soll d’Police dem Rodrigues schonn direkt nom Erausklammen aus dem Bus beim Stade de Luxembourg matgedeelt hunn, datt si nom Match mat him schwätze wéilten. Dat hunn d’Beamten dann och gemaach. Net kloer ass, ob de Rodrigues dowéinst aus dem Kader gestrach gouf oder säi Feele bei der Ekipp den Dag drop eng Reaktioun op den Incident war.

Back to Top
CIM LOGO