Dat sot de Luc Holtz en Dënschdeg op der Pressekonferenz, op där de Kader virgestallt gouf. Fir den FLF-Coach ass de beschte Buteur vun der Nationalekipp, nodeems wat och alles nees am Juni geschitt ass, am Moment esou wäit vun der Ekipp ewech, datt hien de Profi aus der Tierkei à ce stade net konnt nominéieren.
De Vincent Thill ass awer nees dobäi. De Profi aus dem Aserbaidjan hat d’FLF-Formatioun am Juni mat enger Kuerzschlossreaktioun verlooss. De Vincent Thill huet sech bei engem gudde Gespréich mam Nationaltrainer fir säi Verhalen entschëllegt.
Fir déi éischte Kéier am Krees vun der Nationalekipp ass den Daiman Dardari. Donieft ka sech den Jayson Videira iwwer eng weider Nominatioun freeën. Lass geet et fir d’Rout Léiwen den 8. September mam Match heiheem géint Island. 3 Deeg drop kritt een et dann auswäerts mat Portugal ze dinn. Virun allem d’Partie géint Island ass fir eng eventuell Qualifikatioun fir d’EM an Däitschland vu grousser Wichtegkeet. Um RTL ZWEE kënnt Dir déi zwee Matcher wéi gewinnt live suivéieren.