
Bis Enn vun der Saison ass de Lëtzebuerger Nationalspiller, deen nach bei Dynamo Kiew bis Juni dëst Joer ënner Vertrag steet, u Bratislava ausgeléint, esou schreif d’Tageblatt.
An der Fortuna Ligue steet d’Ekipp aus der slowakescher Haaptstad aktuell komfortabel un der Spëtzt mat 45 Punkten no 18 Matcher a siwe Punkten Avance op den Zweeten Zilina. Bratislava ass awer och nach op der europäescher Bün ze gesinn, dat an der Europa Conference League.