
Deemno wieren am Virfeld vun den Olympesche Summerspiller 2021 zu Tokio 23 chineesesch Spëtzeschwëmmer positiv op dat verbuedent Häerzmëttel Trimetazidin getest ginn, ma et goufen awer keng Sanktiounen ausgeschwat.
13 vun hinne si bei Olympia ugetrueden an hu Medaile gewonnen. Eng intern chineesesch Analys hätt erginn, datt d’Sportler d’Mëttel ouni hiert Wëssen zou sech geholl hätten. Déi international Antidoppingagence WADA gouf méi spéit informéiert, huet awer op een eegene Rapport verzicht. Schaarf Kritik dorunner koum scho vun der US-amerikanescher Antidoppingagence USADA.