Ligue 1Gëtt de Gerson Rodrigues bei Troyes entlooss?

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'L'Equipe schreift, gouf de Lëtzebuerger Nationalspiller Gerson Rodrigues bei sengem Veräin Troyes virleefeg entlooss.
© Sebastien SALOM-GOMIS / AFP

Schonns am Dezember war de Rodrigues, dee jo just vu Kiew op Troyes ausgeléint ass, fir 4 Matcher an der franséischer Ligue 1 gespaart, well hie sech net un déi disziplinar Reegelen intern wéi extern gehalen hat. Weider wier säi Liewensstil net esou, wéi sech de Veräin dat géing virstellen, heescht et weider am Artikel vun der L’Equipe.

Nodeems de 26 Joer ale Lëtzebuerger eng zweet Chance bei Troyes krut, gouf hien elo opgrond vu weiderem Feelverhale virleefeg entlooss a wäert och bis op Weideres net am Kader stoen.

Et soll elo zu engem Entretien tëscht dem Gerson Rodrigues an der Veräinsleedung kommen, wou gekuckt gëtt, ob et zu engem definitive Licenciement kënnt oder net.

PDF: De Communiqué vum Veräin

Back to Top
CIM LOGO