Route du VinGewënner vun 2019 gouf positiv getest

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Alad e Mëttwoch de Moie matgedeelt, gouf an engem Echantillon vum Kenianer Joseph Mbatha Epo fonnt.
De Podium vun der Route du Vin 2019.
De Podium vun der Route du Vin 2019.
© pressphoto (Archiv)

De Gewënner vun der 58. Editioun vun der Rout du Vin am Joer 2019 Joseph Mbatha gouf positiv getest. An engem Echantillon, deen no senger Victoire geholl gouf, gouf Epo fonnt.

Déi Lëtzebuerger Anti-Dopping-Agence huet dës Informatioun e Mëttwoch an engem Schreiwes matgedeelt.

De Sportler gouf vun der kenianescher Anti-Dopping-Agence fir 4 Joer gespaart, réckwierkend op den 20. Dezember 2019, deen Dag gouf hie scho provisoresch suspendéiert.

Déi Lëtzebuerger Liichtathletik-Federatioun huet wéinst dem Doppingfall dann och d’Klassement vun der 58. Route du Vin aktualiséiert.

PDF: Resultat Route du Vin 2019

Back to Top
CIM LOGO