FLT Masters 2022Gewënner vun de Finalle si Marie Weckerle a Gilles Kremer

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch goufen am nationalen Tennis bei den FLT Masters 2022 nees déi bescht Tennisspiller an Tennisspillerinne gesicht.
© Roland Miny

E Sonndeg stoungen zu Esch d’Finalle vun de FLT Masters um Programm. Bei den Dammen huet sech d’Marie Weckerle 6:2 a 6:0 géint Tatiana Silbereisen duerchgesat.

Bei den Hären huet sech den Titel de Gilles Kremer geséchert. Hien gewënnt an engem méi enke Match mat 7:5 a 7:6 géint den Christophe Nickels.

E Samschdeg ass d’Finall am Dubbel scho gespillt ginn. De Charles Berna a Noé Plique gewannen den Titel am Hären-Dubbel. D’Finall bei den Damme war dunn nach um spéide Sonndeg Owend. D’Koppel Erna Brdarevic an Tatiana Silbereisen gewanne mat 4:6, 6:4 a 10:6 géint Amélie Weckerle a Marie Weckerle.

Hei fannt Dir déi komplett Resultater.

Klickt op d'Bild, fir op de ganzen Dossier ze kommen.
Klickt op d’Bild, fir op de ganzen Dossier ze kommen.

Andréck vun den FLT Masters 2022

Back to Top
CIM LOGO