Internationalen Triathlon zu IechternachGilles Miny a Sally Dickes feieren de Championstitel

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg sinn um Iechternacher Séi fir déi 37. Kéier déi national Championen am Triathlon iwwert déi Olympesch Distanz gesicht ginn.

92 Triathlete sinn um Samschdeg de Mëtteg am Oste vum Land un den Depart gaangen. Mam Jeanne Lehair, Eva Daniëls, Gregor Payet, Bob Haller a Lucas Cambresy waren awer e puer vun de beschte Lëtzebuerger wéinst de European Games net mat dobäi.

Gilles Miny a Sally Dickes feieren de Championstitel
E Samschdeg de Mëtteg sinn um Iechternacher Séi fir déi 37. Kéier déi national Championen am Triathlon iwwert déi Olympesch Distanz gesicht ginn.

Mat enger Zäit vun 2 Stonnen an 10 Minutten war d’Victoire bei den Hären um Enn fir de Gilles Miny, deen domadder och Lëtzebuerger Champion iwwert d’olympesch Distanz gëtt. Nodeems hien nom Schwammen nach op der 5. Plaz louch, war hien um Vëlo de Séiersten a konnt vill Zäit guttmaachen.

Op déi zweet Plaz ass den Tom Carré komm, deen am Schwammen a Lafen zwar manner Zäit gebraucht huet, ma um Vëlo awer iwwer 3 Minutte méi lues war wéi de Miny. Um Enn hat de jonken Triathlet ee Retard vun 48 Sekonnen.

Komplettéiert gëtt de lëtzebuergesche Podium vum Yannick Lieners, deen am Schwammen dee Séierste war an ee Retard vun 1 Minutt an 30 Sekonnen op de Gilles Miny hat.

Bei den Dammen konnt d’Haitske Overbeek sech no 2 Stonnen an 29 Minutte behaapten. D’Hollännerin ass mat enger Avance vun 9:32 respektiv vun 13:31 Minutten op déi zwou Lëtzebuergerinne Sally Dickes a Samantha Ecker ukomm. D’Overbeek gëtt domadder Championne de la fédération. Lëtzebuerger Championne ass d’Sally Dickes.

LINK: Hei fannt Dir d’Resultater vun all de Kategorien
E Sonndeg de Moie stoungen zu Iechternach d’Sprintdistanzen um Programm. An do gouf et eng reegelrecht Demonstratioun vum staarke lëtzebuergesche Nowuess.

Den David Lang, gewënnt virum Aurelien Carre an dem Poli Stoffel. Déi dräi Sportler vertrieden an annerhallwer Woch bei de Jonge Lëtzebuerg op der Junior-Weltmeeschterschaft zu Hamburg. Bei der WM gouf den David Lang d’lescht Joer zu Montreal exzellente 6.

Souverän konnt dat jonkt d’Linda Krombach d’Course bei den Damme gewannen. Fir hatt ass et déi 1. Participatioun un enger Weltmeeschterschaft.

Den Organisateur Trilux, den eelsten Triathlonsveräin aus dem Land, konnt sech zefridde weisen. D’Zuelen hu sech par rapport zum leschte Jore praktesch an alle Kategorië verduebelt, mat 100 Inscriptiounen ass den Triathlon och ganz populär bei de Kanner.

D’Participatioun vun 80 Triathleten aus der Rheinland-Pfalz-Liga wäert och an Zukunft e feste Bestanddeel vum Programm ginn.

Back to Top
CIM LOGO