
Och wann den 20 Joer ale Spuenier d’Nummer 1 op der Welt ass, esou hunn d’Statistiken awer all fir säi Géigner, de Serb Novak Djokovic geschwat. Déi Fro, déi sech elo stellt ass, ob mat deem epesche Match eng Ära op en Enn gaangen ass an eng nei ugefaangen huet.
Den Novak Djokovic ass Rekord-Grand-Slam-Gewënner mat 23 Titelen. Zu Wimbledon hat de 36 Joer ale Serb scho 7 Mol gewonnen, dovun elo déi lescht Jore 4 Mol hannerteneen. En plus hunn zanter 2002 d’Gewënner ëmmer just Federer, Nadal, Murray oder Djokovic geheescht. Déi fréier Nummer 21 an der Weltranglëscht Gilles Muller geet awer net dovun aus, datt den Novak Djokovic elo kee Grand Slam-Titel méi wäert wannen. No esou enger Defaite wäert de Serb nach méi staark erëm kommen.
Den 20 Joer ale Spuenier hat zejoert jo schonn d’US Open gewonnen. De Carlos Alcaraz huet an de leschte Méint nach emol e Schratt no vir gemaach. Et ass beandrockend ze gesinn, mat wéi enger Freed de Spiller um Terrain steet an och an Drocksituatiounen nach e Laachen am Gesiicht huet.
De Gilles Muller weess awer och aus eegener Erfarung, datt elo eréischt dat Schwieregst fir den Alcaraz wäert kommen an et elo gëllt roueg ze bleiwen a sech net ze vill vun deem Hype ronderëm seng Persoun oflenken ze loossen.