
Déi Lëtzebuerger Tennis “Davis Cup"-Ekipp spillt den 2. an 3. Februar zu Bogota géint Kolumbien an de Playoffs fir an de Weltgrupp 1 opzesteigen. En Dënschdeg huet de Kapitän vun der FLT-Formatioun, de Gilles Muller, 5 Spiller fir déi Renconter nominéiert.
Deemno sinn den Alex Knaff, de Chris Rodesch, de Raphael Calzi, de Gilles Kremer an den Aaron Gil Garcia am Februar mat dobäi. Fir den 20 Joer alen Gil Garcia ass et déi éischte Kéier, datt hie bei d’"Davis Cup"-Ekipp geruff gouf. D’Spiller an de Staff fléie schonn en Donneschdeg a Kolumbien, fir sech beschtméiglech op dee wichtege Rendez-vous ze preparéieren.