
De VfL Bochum huet sech um 2. Spilldag an der Bundesliga eng verdéngt Victoire geséchert. Mat 2:0 huet ee sech géint Mainz mam Leandro Barreiro duerchgesat. No 21 Minutten hat den Holtmann d’Lokalekipp a Féierung bruecht an no der Paus hat de Polter an der 56. Minutt fir d'2:0-Schlussresultat gesuergt. Béid Goler goufe vum Zoller virbereet. De Lëtzebuerger Leandro Barreiro huet de Match duerchgespillt an huet an der 67. Minutt déi giel Kaart gesinn.
Déi 2. Néierlag bannent 5 Deeg gouf et fir de BVB. D’Ekipp vum Rose huet géint Freiburg mat 1:2 verluer. Den SC huet zweemol direkt am Ufank vun den zwou Hallschenten äiskal zougeschloen. Dat duerch de Grifo an de Sallai. Dortmund huet et ze seele gepackt, fir Kapital aus sengem Ballbesëtz ze zéien. Esou ass d’Victoire vun der Lokalekipp net onverdéngt.
Een 0:0-Remis gouf et dann tëscht Frankfurt an Augsburg. E Remis gouf et och tëscht Fürth a Bielefeld. De Match ass 1:1 ausgaangen.
Keng Punkte gouf et dann nach fir d’Hertha vu Berlin, dat trotz enger 1:0-Féierung duerch de Lukebakio kuerz no der Paus. De VfL Wolfsburg konnt de Match duerch Goler vum Baku (74') an Nmecha (88') nach dréinen.
E Samschdeg den Owend um 18.30 Auer stounge sech dann nach Leverkusen a Gladbach géintiwwer. Hei huet Leverkusen mat 4:0 gewonnen. Fir Gladbach war et een Owend fir ze vergiessen. E Selbstgol vum Sommer huet d’Néierlag agelaut, Thuram, Lainer, Ginter a Plea hu missen ugeschloe fréizäiteg den Terrain verloossen an de Kapitän Stindl huet nach een Eelefmeter verschoss. D’Victoire fir Leverkusen war um Enn héich verdéngt an hätt duerchaus och nach méi kloer kéinten ausfalen.